Kaascht (Heel)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kaascht als Heel. Fir aner Bedeitunge, kuckt wgl. Kaascht.
E Gaardekaascht

De Kaascht ass en zolitten Heel mat meeschten zwee bis véier Hare fir schwéiere Buedem opzebriechen.

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm huet seng Originnen am däitsche Wuert "Karst".
Et gëtt e puer regional Variante vum Begrëff:

  • Kasch
  • Kuesch
  • Kuerscht
  • Korscht
  • am Südweste vu Lëtzebuerg: Koascht
  • um ëstleche Bord: Koarscht oder Koarsch

Aner Kaaschten[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst der Form gëtt d'Geschir fir frëschgetippte Bëtong ze verzéien an d'Geschir fir a Kofferkesselen am Quetschekraut ze réieren och Kaascht genannt. Kaaschte mat dënne Gafelhare goufe gebraucht fir um Feld d'Mëscht vum Won ze zéien.

De Keeschtelchen och nach Gaardenheck genannt ass e liichten Heel mat op enger Säit engem normale Blat, an op der anerer zwee oder dräi Haren.