Karaff

Vu Wikipedia
Eng Karaff mat Wäin

Eng Karaff ass e Behälter dee meeschtens aus Glas oder Kristall ass, an deen haaptsächlech benotzt gëtt fir Wäin ze zerwéieren.

Aus dem einfache Géigestand deen am Ufank benotzt gouf fir den Transport vum Wäin, vum Faass wou e gezaapt gouf, bis op den Dësch ze maachen, hu sech am Laf vun der Zäit Objeten a verschiddenste Formen entwéckelt, déi en héije kënschtleresche Wäert kënnen hunn.

Déi meescht wäertvoll al Karaffe sinn aus dem 18. Joerhonnert, eng Zäit an där et eng Hellewull a ville Formen a vun de verschiddenste Gréisste gouf.

Eng Karaff soll praktesch sinn, dat heescht se soll net ze schwéier sinn, a se soll eng gutt Upak hunn, sief et duerch e Grëff, oder duerch d'Form vum Hals. Se soll och eng praktesch Gréisst hunn, dat heescht et soll e wéinstens eng 75 cl Fläsch kënnen dra schëdden. Karaffe fir duebel Fläschen d'Magnumme si méi rar.

Wichteg ass datt se einfach ze spullen ass, well Propretéit eng wichteg Roll beim Genoss vum Wäi spillt. Am beschte spullt een se sou séier wéi méiglech nom Gebrauch, am léifste mat klorem waarme Waasser. Wa Spullmëttele gebraucht ginn, muss en dacks mat klorem Waasser rengegen, soss besteet d'Gefor, datt e klenge Flom dovun um Glas hänke bleift, deen de Geschmaach vum Wäi verdierwe kann.

Fir Wäin ze zerwéiere soll e wa méiglech Karaffen aus klorem Glas oder Kristall benotzen, fir datt en d'Faarf vum Wäi gutt ka gesinn. Faarweg oder ziseléiert Karaffen, reservéiert ee fir anert alkoholescht Gedrénks oder Waasser. Wann d'Karaff benotzt gëtt fir de Wäin ze decantéieren, soll se e weiden Hals hunn, dat erliichtert d'Erausschëdden oder d'Opsetze vun engem Decanteur.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Karaffen – Biller, Videoen oder Audiodateien