Karatschai-balkaresch
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Karatschai-balkaresch къарачай-малкъар тил | |
---|---|
Gëtt geschwat an: | Russland |
Regioun: | Kabardino-Balkarien, Karatschai-Tscherkessien |
Gëtt geschwat vun: | ronn 300 dausend Mammesproochler |
Klassement: | |
Klassifikatioun no Famill: | Tierkesproochen
|
Offizielle Status | |
Offiziell Sprooch vun: | net |
Reglementéiert vun: | |
Sproochcoden | |
ISO 639-1 | |
ISO 639-2 | krc |
ISO 639-3 | krc |
Karatschai-balkaresch oder d'karatschai-balkaresch Sprooch (krc: Къарачай-малкъар тил) gehéiert zum kiptschakeschen Aascht vun den tierkesche Sproochen. Et ass déi offiziell Sprooch an de russesche Republicke Kabardino-Balkarien a Karatschai-Tscherkessien a gëtt vu ronn 305.500 Leit a Russland als Mammesprooch geschwat.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Dialekter
[änneren | Quelltext änneren]Karatschai-balkaresch huet fënnef Dialekter:
- de Karatschai-Dialekt, bis d'19. Joerhonnert just am ieweschte Kuban, duerno wéinst der Besiidlung a méi groussen Deeler vu Karatschai-Tscherkessien verbreet; et ass den Dialekt vu praktesch alle Karatschaier;
- de Baksan-Dialekt, um ieweschte Baksan, am Südweste vu Kabardino-Balkarien;
- den Tschegem-Dialekt, méi wäit ëstlech, um ieweschten Tschegem;
- den Chulam-Besengi-Dialekt, genannt no zwéin historesche Stämm, allebéid ëstlech vum Tschegem-Dialekt, um ieweschten Tscherek-Chulamski;
- de Malqar-Dialekt oder balkareschen Dialekt, um ieweschten Tscherek-Balkarski am Südoste vu Kabardino-Balkarien.
No de reguläre phoneetesche Lautverrécklungen an der Aussprooch vun den Affrikaten tsch an dsch gi s'an de Turkologie an zwou Dialektgruppen a fënnef Dialekter klassifizéiert.
Geographesch Verbreedung
[änneren | Quelltext änneren]Schreifweis an Aussprooch
[änneren | Quelltext änneren]Alphabet
[änneren | Quelltext änneren]Am Mëttelalter hunn d'tierksproocheg Vëlker an der Regioun en osttierkeschen Idiom, d'Tschagataesch, als Schrëftsprooch benotzt, dat mam persesch-arabeschen Alphabet geschriwwe gouf. Vum 17. an 18. Joerhonnert u gouf d'Tschagataesch mam Tatareschen ersat, dat och mam arabeschen Alphabet geschriwwe gouf.
Karatschai-balkaresch gouf eréischt 1924 eng onofhängeg Schrëftsprooch, wéi dat arabescht Alphabet mam laténgeschen Alphabet ersat gouf an eng onofhängeg Grammatik a Schreifweis op Basis vum Aserbaidjaneschem agefouert gouf.
A a | B в | C c | Ç ç | D d | E e | F f | G g |
Ƣ ƣ | I i | J j | K k | Q q | L l | M m | N n |
Ꞑ ꞑ | O o | Ө ө | P p | R r | S s | Ş ş | T t |
Ь ь | U u | V v | Y y | X x | Z z | Ƶ ƶ |
Zënter der Aféierung vum obligatoresche Russesch-Unterrecht am Joer 1936 muss Karatschai-balkaresch mat engem geännerte kyrilleschen Alphabet geschriwwe ginn:
А а | Б б | В в | Г г | Гъ гъ | Д д | Дж дж | Е е |
Ё ё | Ж ж | З з | И и | Й й | К к | Къ къ | Л л |
М м | Н н | Нг нг | О о | П п | Р р | С с | Т т |
У у | Ф ф | Х х | Ц ц | Ч ч | Ш ш | Щ щ | ъ |
Ы ы | ь | Э э | Ю ю | Я я |
Grammaire
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Chodiyor Doniyorov et Saodat Doniyorova, Parlons Karatchaï-Balkar, Paris, Harmattan, 2005
- Heinz F. Wendt (Hrsg.): Das Fischer-Lexikon. Band: Sprachen (= Fischer Taschenbuch. Band 4561). Durchgesehene und korrigierte Neuausgabe. Fischer-Taschenbuch-Verlag, Frankfurt am Main 1987, ISBN 3-596-24561-3.
- Helmut Glück (Hrsg.), unter Mitarbeit von Friederike Schmöe: Metzler Lexikon Sprache. 3., neu bearbeitete Auflage. Metzler, Stuttgart/Weimar 2005, ISBN 3-476-02056-8.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Wikipedia op Karatschai-balkaresch |
Commons: Karatschai-balkaresch – Biller, Videoen oder Audiodateien |