Karl Dönitz

Vu Wikipedia
Karl Dönitz
Gebuer 16. September 1891
Grünau
Gestuerwen 24. Dezember 1980
Aumühle
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Politiker, Autobiograph, Ubootkommandant, Offizéier
Partei NSDAP

De Karl Dönitz, gebuer de 16. September 1891 zu Berlin a gestuerwen de 24. Dezember 1980 zu Aumühle bei Hamburg, war en däitsche Groussadmirol. Hie war am Fréijoer 1945 fir e puer Wochen de leschte Staatschef vum Drëtte Räich.[1]

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Karl Dönitz huet seng Karriär 1910 virum Éischte Weltkrich an der Marinn vum däitsche Keeserräich ugefaangen.[1] Hie war 1936 Führer der U-Boote a vun 1939 u Befehlshaber der U-Boote. An Nazidäitschland war hien an der Kriegsmarine déi dreiwend Kraaft beim Opbau vun der U-Bootflott.

Nom Doud vum Erich Raeder gouf de Karl Dönitz 1943 ieweschte Kommandant vun der däitscher Krichsmarinn.

Den Adolf Hitler hat de Karl Dönitz a sengem Testament als säin Nofollger als Räichspresident bestëmmt.[1] Nom Hitler sengem Selbstmord den 30. Abrëll 1945 huet de Karl Dönitz de 5. Mee eng nei Räichsregierung op d'Bee gestallt. Well se gréisstendeels zu Flensburg baséiert war, gëtt se och d'Flensburger Regierung genannt. De 7. Mee huet de Karl Dönitz dem Generol Alfred Jodl den Accord ginn, den Dag drop zu Reims déi bedéngungslos Kapitulatioun vun der Wehrmacht z'ënnerschreiwen.

Den Dönitz ass bis den 23. Mee Chef vun der Flensburger Regierung bliwwen, éier se vun den Alliéiert opgeléist ginn ass an all d'Regierungsmembere verhaft goufen.

1946 gouf de Karl Dönitz an den Nürnberger Prozesser zu zéng Joer Prisong verurteelt. Den 1. Oktober 1956 ass en aus dem Prisong entlooss ginn an op Aumühle bei Hamburg geplënnert, wou hien och 24 Joer méi spéit am Alter vun 89 Joer gestuerwen ass. 1968 huet hie seng Memoiren ënnert dem Titel "Mein wechselvolles Leben" verëffentlecht, an deenen hie sech als Militär presentéiert huet, deen net vill mam Naziregimm ze di gehat hätt.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Karl Dönitz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Lebendiges Museum Online: Karl Dönitz 1891-1980 (gekuckt de 26. Februar)