Karl Lagerfeld

Vu Wikipedia
Karl Lagerfeld
Gebuertsnumm Karl Otto Lagerfeld
Gebuer 10. September 1933
Hamburg
Gestuerwen 19. Februar 2019
Neuilly-sur-Seine
Doudesursaach Bauchspäicheldrüsekriibs
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Moudendesigner, Fotograf, Editeur, Timberszeechner, Costumedesigner, Moudefotograf, Filmregisseur, Designer

De Karl Otto Lagerfeld, gebuer den 10. September 1933 zu Hamburg a gestuerwen den 19. Februar 2019 zu Neuilly-sur-Seine, war en däitsche Couturier, Fotograf a Kënschtler.

Hie war vun 1983 bis zu sengem Doud Kreativen Direkter vun der Kleedermark Chanel an och vun der italieenescher Maroquineriesmark Fendi, souwéi vu sengem eegene Markelabel.

Virdrun huet hie beim Pierre Balmain a Jean Patou, souwéi als onofhängege Mataarbechter fir eng Parti aner Couturieren a Moudemarke geschafft.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Karl Lagerfeld – Biller, Videoen oder Audiodateien