Kasei Valles

Vu Wikipedia
Stroumdall um Mars
Kasei Valles
Ausschnëtt vum meridionale Stroumverlaf (lénks) a mam Ofbéie vum nërdlechen Aarm (uewen)
an de südlechen Aarm.
Koordinaten 18,3° N, - 67,5° W
Längt 2.500 km
Déift ? m
Alter 1.500.000.000 Joer
Regioun Mare Acidalium
Genannt nom japaneschen Numm fir Mars
Divers -

De Kasei Valles (Dall vum Mars – Kasei ass de japaneschen Numm fir de Mars) ass mat enger Längt vu bal 2.500 km de gréisste Stroumdall um Planéit Mars.

Den Dall fänkt an enger "chaotescher" Regioun nërdlech vum Gruefsystem Valles Marineris un, leeft dann no Norden an deelt sech an en ettlech Äerm op, déi an de westlechen Deel vun der Déiffläch Chryse Planitia mënden. Wéinst dem groussen, no Osten ofgebéiten duebelen Aarm gëtt fir d'Bezeechnung vum Dall d'Méizuel vun engem Dallsystem gebraucht. Déi eenzel Äerm hu keen eegenen Numm.

De Kasei Valles entstoung méiglecherweis an engem Zäitraum virun 3,5 bis 1,5 Mrd. Joer, andeem sech grouss Waasserquantitéiten déi periodesch opgetratt sinn, hire Wee gesicht hunn. Unhand vun de Strukture vum Dall gëtt geschat, datt do bis zu 1 Mrd. m³ pro Sekonn gefloss sinn – dat entsprécht der 10.000-facher Gréisst vum Amazonas op der Äerd. D'Waassermasse goufe bei Schmëlzvirgäng fräigesat, woubäi Äis dat ënner der Marsuewerfläch louch duerch tektonesch Prozesser opgehëtzt goufen.

Héich Opléisung THEMIS daagsiwwer Infraroutbild Kasei Valles Mosaik a seng Ëmgéigend.
Usiicht vu stroumlinnefërmege Landschaftsformen am Kasei Valles (Detail aus dem THEMIS Mosaik vu lénks)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie