Kategorie Diskussioun:Infobox Film

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien Les Meloures,

wanns de an der Infobox Film schwaarz-wäiss mat Schwaarz-Wäiss ersetz wier et net besser Schwaarz-Wäiss-Film an dann och fir faarweg Faarwfilm ze schreiwen? Dat wier méi kloer.

Johnny Chicago (Diskussioun) 16:32, 27. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]


Schwaarz-Wäiss ass souwäit wéi ech erausfonnt hunn e feste Begrëff a gëtt an den anere Wikien och ënner deem Lemma erkläert (dommerweis ass do e bësselchen Duercherneen an den Interwikien). Et schéngt och bei onsen Noperen néierens an der Infobox opzedauchen. Dofir hunn ech elo mol ugefaangen et aus der Infobox erauszehuelen an an den Text anzebauen an och déi verschidde Schreifweisen ze vereenheetlechen. Et huet an der Infobox souwisou näischt bei der Kamera veluer. Mer kéinten héchsten eng nei Rei abauen mat Faarftechik oder eppes anescht an deem Sënn. Wann der eppes valabeles dozou afält dann ass dat séier gemaach. --Les Meloures (Diskussioun) 17:37, 27. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]
An der franséischer Wiki gebrauchen se bei hire Filmer den Ausdrock Format sou z. B.

Format : Noir et blanc - 1.33:1 - Son monophonique - 35 mm

do kann een all wichteg technesch Begrëffer vun engem Film drasetzen. Op lëtz. gëtt d'Wuert Format jo och gebraucht fir mech wier dat eng gutt Léisung.

Mir gefält an der Infobox och den Ausdrock Kamera net, wëll an alle Sproochen op Englesch, Franséisch, Italieenesch etc steet do Directeur de la photographie, Fotografia, Cinematography, Images oder Photographie , just am däitsche steet Kamera oder Kameramann dat an deene anere Sproochen awer do steet fir de Mann deen d’Kamera am Grapp huet. Fir net dat grousst Wuert Directeur de la photographie ze gebrauchen schloen ech vir Kamera duerch Photographie z'ersetzen.

Johnny Chicago (Diskussioun) 19:12, 27. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]

Ech kucke muer emol wéi dat sech am Beschten ännere léist ouni zevill ëmzebauen. --Les Meloures (Diskussioun) 20:00, 27. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]