Kategorie Diskussioun:Plantea

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Mir ass grad opgefall dass an der Kategorie Plantae eng Kéier laténgesch Nimm dann erem letzebuergesch Nimm geholl ginn. Ech hat geduecht mir hätten eis drop geenegt di letz. ze huelen wann se existéieren anerefalls déi lat. Elo ass en zimmlechen Duercherneen. Och wat d´Klassifikatioun ugeet. Emol ass et Subordo bei der anerer Planz ass et dann erem Enneruerdnung..... asw... Wéi kinnten mir eis do festleen dass alles eng Richtung huet? --Alexandra 08:14, 21 Abr 2005 (UTC)

Kanns du mer soen, ëm watfir Nimm et geet? --Cornischong 10:05, 21 Abr 2005 (UTC)

Vläicht mengt d'Alexandra déi vum Kornischongsartikel. Déi sinn effektiv nach net alleguerten nogekuckt ginn. --Otets 10:46, 21 Abr 2005 (UTC)

Jo, beim Cornichongsartikel, ënnert anerem. Z.B. steet am Artikel Plantae lënks am Artikel d´Andeelungeun op lëtz. (lat. an Klammeren) an riets an der Tabell op lat. an lëtz. gemescht. Ganz zum Schluss steet jo ´Bléieplanzen´ (Magnoliophyta). Et gëtt awer och eng Kategorie Magnoliophyta. An grad hunn ech och gesinn dass et eng Kategorie Plantae an eng Plantea gëtt. Watfireng ass do déi richteg?


An dann sinn vill Tabellen wou heinsdo wëssenschaftlech Klassifikatioun op lëtz. an eng Kéier erem op lat. steet. (Domaine, Regnum, Subclassis .... Ennerräich,... ) An ech mengen et ass och nach ëmmer en Duercherneen tëscht der Déierewelt an dem Animalia. Di eng Artikelen sinn bei der Déierewelt klasséiert an di aner bei Animalia.

--Alexandra 07:19, 22 Abr 2005 (UTC)

Fir all Artikel deen ënner Plantae fällt: Kuckt d'Beispiller Anäis an den iwwerschafften Kornischong-Artikel. Déi sollten all no deem Schema lafen. Taxo do vun de Fransousen iwwerholl. Well mer, bei den Déieren wéi bei de Planzen méi latäin wéi lëtzebuergesch wäerte kréien, proposéieren ech, am Prinzip ganz op latäin ze fueren, a bei Saache wou et e lëtzebuergeschen Term gëtt (zb Kürbisgewächser amplaz Cucurbitaceae) e Redirect vum lëtzebuergeschen op de laténgeschen Numm ze maachen. Dann hu mer Titelen all eenheetlech op latäin mee wann een d'lëtzebuergescht Wuert benotzt kënnt een awer op der richtegeer Plaz eraus. --Briséisβρισεισ 07:34, 22 Abr 2005 (UTC)