Kategorie Diskussioun:Politiker

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Sollt een net vlaicht Andeelungen no Länner fir d'Politiker machen? --Alexandra 08:42, 13 Jun 2005 (UTC)

Ech mengen, dach. Well soss hu mer op eemol eng Risesammlung a mer fannen eis net méi dran erëm. --Cornischong 08:46, 13 Jun 2005 (UTC)

Jo, hunn ech mir och geduecht. Ech maachen mech dann no an no dorunner :-)--Alexandra 09:27, 13 Jun 2005 (UTC)

Wéi soll ech da machen Politiker (Land) oder franséich/däitsch....Politiker ? --Alexandra 09:29, 13 Jun 2005 (UTC)

Léiwer Numm vum Politiker (Land), well soss geet et z.B. beim Venezuela, Äquatorialguinea, Antigua a Barbuda , Groussbritannien an Nordirland, Demokratesch Republik Kongo, Marshallinselen, Saint Vincent an d'Grenadinen , Zentralafrikanesch Republik an nach villen Aneren nees "interessant". --Cornischong 09:46, 13 Jun 2005 (UTC)

Hate mer dat net schons?[Quelltext änneren]

Ech menge mech z'erënneren, dass et am Ufank esou woar (Politiker (Land)), mee dass d'Briséis dat Enn d'lescht Joer g'ännert hat. Ier s de der d'Méi méchs, 68 Artikelen ze änneren (d'Politikerinnen nach guer net matgerechent), fro hatt vläit, wat seng Grënn an Iwwerleeunge waren; vläit woar do eppes, wou mer elo net drun denken.

Perséinlech hunn ech keng grouss Problemer mat der ablacklecher Andeelung: Well d'Kategoiresammlung jo alfabetesch ass, fënnt een, deen do eppes sicht, séier säi Gléck (oder och net), och wann et der eng Kéier e puer honnert sollte sinn. Mee dat mam Land wierkt scho manner "fourre-tout"-zeg (wou iergend eng 'Lokalgréisst' nieft amerikanesche Presidenten ze fannen ass).

Deemno iwwerloossen ech dir/iech de Choix. --Zinneke 10:17, 13 Jun 2005 (UTC)

D'Preisen hunn och esou e System, mat Politiker (Land). Mee d'Examen zu Paräis misste jo lo bal fäerdeg sinn, da kënne mer nach e wéineg op de Fin mot woarden. --Otets 11:14, 13 Jun 2005 (UTC)


Ok, mir kënnen och nach waarden. Ech hat just geduecht wann mir et machen dann vlaicht esouschnell wéi méiglech well et kommen der jo dauernd bäi, a soss ass et herno vill ze änneren. Sot mir elo net dass mir hei och Trennung vun Männchen a Weibchen hunn ???? (-> Politikerinnen)??? !!!! --Alexandra 13:53, 13 Jun 2005 (UTC)


Ech hunn fonnt firwaat et eng Kéier geännert gouf:

Ech erlaben mer awer nach eng Remarque déi dech bestëmmt net freet, et geet em d'Kategorien. Fir mech gett et Schauspiller a Schauspillerinnen op am Film oder Theater, aus wat fir engem Land dat se kommen dat fënnt een am Artikel iwert de Schauspiller eraus.. Mat déer neier Opdeelung vun de Schauspiller a Katégorien de Länner no, mache mir eis dronken ,an d'Liewe schwéier, mir brauchen herno méi Zäit fir eraus ze fannen, a wat fir eng Kategorie mer den Acteur solle setzen, wéi fir den Artikel ze schreiwen. Dat selwecht g!ellt och fir d'Regisseuern an d'Filmer (kuck emol am letzebuegesche Film an de Co.Produktounen , weivill Lànner dachs un engem Film geschafft hun, do gëtt et schwéier eng Nationaliteit ze fannen.Johnny Chicago 20:33, 4 Dec 2004 (UTC) Kategorien. Musse mir dann alles (an och d'Fehler) machen wéi an deenen anere Wikien. D'accord wa mier Lëtzebuerg wëllen erfirhiewen mache mer eng Kategorie mat Letzebuerger Schauspiller (innen), Regisseuern ,ma de Rescht geheien mer dann alles an én Dëppen. An engem Lexikon fueren se och net no Kategorien, fir ze klasséieren gëtt jo en Alphabet.

--Alexandra 14:05, 13 Jun 2005 (UTC)

Dat war eng Saach mat de Schauspiller, bei deene kee Mënsch weess, mat wiem se am Moment bestued sinn, a warfir eng Nationalitéit se am Moment hunn. Hei geet et ëm d'Politiker. Da maach et elo, dann ass et gemaach!! Dat wochlaangt Getozels iwwer Selbsverständlechkeeten kaschten engem dee leschte Nerv!! --Cornischong 14:12, 13 Jun 2005 (UTC)

zu Männlein a Weiblein (@Alexandra)[Quelltext änneren]

An ob! Kuck emol "Category:Politikerin" (d'Mme Flesch giff dat bestëmmt de mauvais goût fannen, wann se an deer anerer akategoriséiert wier ;-) --Zinneke 14:31, 13 Jun 2005 (UTC)

... ob déi Ënnerscheedung tëschent Mann a Fra awer sënnvoll ass (esouguer eis soss politesch iwwer-korrekt däitsch NoperEschInnen hunn do just eng "Unisex" Kategorie) ass eng aner Fro....

Z.

Esou en Ënnerscheed ze maachen ass eng Diskriminatioun vun de Fraen, déi duerch eng Kategorie à part aus der Männerwelt ausgeschloss solle ginn. Dat geet net!
Mee elo seriö: "Politiker" ass d'Méizuel souwuel vun de männleche wéi och vun de weibleche Politik(in)er(innen). Dofir gëtt et do guer kee Problem. Et muss just an den eenzelnen Artikelen alles op d'Méizuel "Politiker" ëmgeännert ginn, mam Zousaz "(Land)" nach hannendrun. A wann een an zwee Länner Politiker ass oder war (z.B. no der Onofhängegkeet vun engem Territoire), da kënnt en eben an zwou Kategorien. --Otets 19:42, 13 Jun 2005 (UTC)


Gudd da machen mir et esou. Ech perséinlech als Fra hunn guer a glat kee Problem mat enger Kategorie Poliktiker fir Fraen, ech fannen dass dat mat der Gleichberechtigung einfach heinsdo ze weit geet an och iwwerdriwwen ass...... --Alexandra 06:40, 14 Jun 2005 (UTC)

Ee Moment![Quelltext änneren]

Do schéngt mer e Mëssverständnes an der Loft ze zidderen!!! Den Otets wëllt jo och nëmmen ENG Kategorie fir déi béid!!! Mee deen huets sech nees ze komplikationnéiert ausgedréckt :-)) --Cornischong 07:07, 14 Jun 2005 (UTC)

Jojo, dat hat ech jo esou verstanen... :-) Wen ass dat dann eigentlech deen ëmmer fir d'Fraen eng eenzel Kat wëll hunn ? --Alexandra 07:19, 14 Jun 2005 (UTC)

Wann ech ronderëm kucken, gesinn ech keen. --Cornischong 07:22, 14 Jun 2005 (UTC)

Politiker (Lëtzebuerg) an Lëtzebuerger Politiker[Quelltext änneren]

Et gët do 2 Kategorien: Politiker (Lëtzebuerg) an Lëtzebuerger Politiker sollten mir nët versichen déi 2 Kategorien an eng zefusionéieren a wa jo, wat fir eng? freet sech de -- Robby 22:22, 19 Abrëll 2006 (UTC)

Ech ging emol spontan soen, well déi aner quasi all mat Politiker (Land) sinn, dann Politiker (Lëtzebuerg). --Briséisβρισεισ 06:22, 20 Abrëll 2006 (UTC)

Di Kategorien mat de Politiker sinn déi eenzeg déi esou mat Politiker (Land) geschriwwen ginn. Fir all di aner ass et ëmmer Lëtzebuerger Uertschaften, Däitsch Groussstied, Italieenesch Literatur, Franséisch Geschicht ... asw. Ech wier dofir fir an der selweschter Richtung ze bleiwen --Alexandra 11:58, 20 Abrëll 2006 (UTC)

Och ech tendéieren éischter fir Politiker (Lëtzebuerg) aus dem selweschte Grond wéi d'Alexandra och wann dëst konträer zu der Diskussioun ass vun däer d'Resultat hei steet: [1] Punkt 6 (oder war dës Diskussioun nëmmen fir geographesch Artikelen?) -- Robby 17:51, 20 Abrëll 2006 (UTC)

Nee, ech hat eigentlech gemengt fir se Lëtzebuerger Politiker ze nennen, esou wéi all di aner och, a wéi an de Regelen ebe steet :-) --Alexandra 07:19, 21 Abrëll 2006 (UTC)


Politiker mat Länner a Klameren[Quelltext änneren]

...ginn et der net nëmmen eng Hällewull zu Lëtzebuerg, mee och an anere Länner (kuckt: Category:Politiker). Wa mer konsequent si wëllen an se anere Kategorien, déi e Lännerbezuch hunn, upasse wëllen, da missten déi all "entklamert" ginn. Et misst just een (oder méi zesummen) de Courage hunn, dat ze maachen (bei deem Wieder net grad evident).

Déi aner Léisung wier, konsequent dat hei als "Ausnam" ze loossen (dofir schwätzen zB. Grënn, déi de Cornischong virun enger Zäitchen uewen ugefouert huet, wat Länner mat Nimm betrëfft, déi sech net an en Adjektiv eraquetsche loossen). Da misste just déi puer Feeler ("Schwäizer Politiker", "Däitsch Politiker", "Franséische (!) Politiker", asw.) verbessert ginn.


--User:Zinneke

Gudd, do hues du Recht et wier vill ze änneren. Et ass jo och esou dass mir déi hei matschaffen wëssen dass dat eng Ausnahm ass, mä aner Leit déi laanscht kuke kommen net. Mir gefällt et net esou wann et net richteg eenheetlech ass. Ech si bereed ze hëllefen fir se all ze änneren. Di Grënn wat d'Länner ugeet wier och fir di aner Kategorien richteg, da missten mir déi jo och all ëmänneren an mat Klammere schreiwen. --Alexandra 14:38, 21 Abrëll 2006 (UTC)

Esou lues gesinn ech méi kloer, an ech mengen et ass nët esou gudd ganz bewosst eng Ausnahm ze maachen an dofir schléissen ech mech dem Alexandra un fir d'Politiker Kategorien esou ëmzeänneren datt et koherent mat deenen aneren Kategorien ass. A wann ech de Cornischong richteg verstanen hun da muss et korrekt sin letzebuergesch Politiker. Also och ech sin bereed mech un deem Chantier ze bedeeligen. --Robby 22:09, 21 Abrëll 2006 (UTC)

Den Ënnerscheed tëscht den Adjektiver "Lëtzebuerger" a "lëtzebuergesch"[Quelltext änneren]

Den Ënnerscheed tëscht den Adjektiver "Lëtzebuerger" a "lëtzebuergesch" schéngt an der Vergiess komm ze sinn :-) --Cornischong 07:55, 21 Abrëll 2006 (UTC)
??? E Link géif hei hëllefen (zumindest mir) -- Robby 12:33, 21 Abrëll 2006 (UTC)
Extra fir de Robby: Wikipedia:Eis Schreifweis: 13.1. --Cornischong 19:07, 21 Abrëll 2006 (UTC)

Maache mer eis gär komplett jaus?[Quelltext änneren]

Kann emol w.e.g. ee mär kuerz a kloer erklären, wat elo nees soll vu wat op wat g'ännert ginn? An deene leschte Kommentaren leien d'Mëssverständnesser an der Loft, an ech weess net méi wie gär wat hätt!! De Kabes mat den "E puer Konventiounen zu geographeschen Artikelen", deen hei vun engem "213.189.161.183" presentéiert gouf a vu kengem Mënsch ënnerschriwwe gouf, ass eng ganz léif Iddi, mee wie soll d'Adjektive schreiwen? Dobäi vergësst deen d'Schreifweis mat "Lëtzebuerger" a "lëtzebuergesch" an da solle hei vun "Marshallinsulanesche Politiker" oder vun deem senger Ditti als "Marshallinsulanesch Politikerin" schreiwen. Mat Politiker (och Méizuel!!) an d'Land hannendrun (an enger Klamer), Beispill " Politiker (Groussbritannien)" hu mer d'Männercher an d'Weibercher an engem Dëppchen, an et weess jidderee wat gemengt ass.
Ech wollt mech eigentlech aus de Kategorien eraushalen; wann ech awer matkréien, wéivill Ennergie hei entwéckelt gëtt mat Kategorie-Bäumchen-wechsle-dich-Übungen, da gëtt et mer weech ëm mäin Häerzelchen. --Cornischong 23:34, 21 Abrëll 2006 (UTC)

Ech ginn dir jo Recht wanns du sees dass vill Energie drop geet. Ech soe just wanns du dat mat de Politiker (Land) mëss, da misst een dat mat Uertschaften (Land), Groussstied (Land), Literatur (Land) ... asw och ëmänneren, well do kënnt och eng Kéier de Fall vun de Marshallinsulanesche Gemengen oder Venezuelanescher Literatur. A vun Trennung vu Politiker an -innen halen ech net vill egal op d'Land elo vidrun oder hannendru steet. Mä wéis du sees, dass vill Energie hei mat denen Diskussiounen an Ännerungen drop geet hues du Recht. Also wéint meenger kann et geännert ginn wéi dir wëllt, an dem Beräich halen ech mech dann eraus a schreiwen déi Zäit e puer Artikelen... --Alexandra 10:53, 22 Abrëll 2006 (UTC)