Kategorie Diskussioun:Sint Eustatius

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gemengen an Holland[Quelltext änneren]

@Les Meloures Sint Eustatius ass dach – sou wéi Saba a Bonaire och – eng Gemeng vun Holland (och wann et eng „Besonnesch Gemeng“ ass). Firwat sollt dës Kategorie also net an d'Kategorie:Gemengen an Holland gesat ginn? Volvox (Diskussioun) 19:18, 3. Aug. 2023 (UTC)[äntweren]

@Volvox Neen dat si keng Gemengen am Sënn vun enger Gemeng an Holland och net wa Leit menge si wiere besonnesch an d'nl.Wiki huet och keng Kategorie dofir och keen Artikel doriwwer. An hollännesche Gesetzestexter ass den Ausdrock (sou wäit wéi ech bis elo erausfonnt hunn) och sou net ze fannen. --Les Meloures (Diskussioun) 19:24, 3. Aug. 2023 (UTC)[äntweren]
Dat schéngt jo méi eng komplizéiert Affär ze sinn: Wat alt „bijzondere gemeenten“ genannt gëtt, schéngt offiziell „openbaar lichaam“ ze heeschen (cf. https://wetten.overheid.nl/BWBR0028142/2023-04-01) an dozou gëtt et och Wikipedia-Artikelen (op Hollännesch, z. B.: https://nl.wikipedia.org/wiki/Openbaar_lichaam). Domat wier et awer tatsächlech an trotz sengem inoffiziellen Numm streng geholl net onbedéngt eng Gemeng. Da misst een dat an alle sechs betreffende Säite bzw. Kategorien änneren. Ech ersetzen d'Kategorie:Gemengen an Holland mol virleefeg mat Kategorie:Holland. Villäicht hu mer iergendwann eng méi spezifesch Kategorie fir dëse spezielle Fall, mee ech bréngen et lo net iwwert mech esou eppes wéi „Ëffentlech Kierperen“ als wiertlech Iwwersetzung ze schreiwen. Dofir loossen ech och mol „[[Besonnesch Gemeng (Holland)|besonnescher Gemeng]]“ an den dräi Artikele stoen. Volvox (Diskussioun) 19:48, 3. Aug. 2023 (UTC)[äntweren]
Et gëtt Wikien déi einfach den Hollännesche Lemma iwwerholl hunn ouni en z'iwwersetzen. Dat wier och eng Méiglechkeet. Ech mengen et huet keng wiki eng extra Kategorie fir déi dräi Entitéiten. --Les Meloures (Diskussioun) 07:23, 4. Aug. 2023 (UTC)[äntweren]