Kepler-47

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Eng bildlesch Duerstellung vum Planéitesystem

Kepler-47 ass en Planéitesystem am Stärebild Cygnus. Et besteet aus zwéi Stären an zwéi Planéiten. D'System ass 4900 Liichtjoer vun eis ewech. D'Stären ëmkreesen sech géigesäiteg an 7,45 Deeg. D'Planéiten goufe mat Hëllef vun der Transitmethod vum Weltraumteleskop Kepler entdeckt.

De gréisste vun de béide Stären ass bal sou grous wéi eis Sonn, huet awer nëmme 84 % vun hirer Liichtkraaft, während de klengen nëmmen een Drëttel vun der Sonnegréisst an ee Véierel vun hirer Liichtkraaft huet.

De bannenzegte Planéit Kepler-47b ëmkreest béid Stären an 49,5 Deeg. Seng Mass ass onbekannt an dofir net kloer, ob et sech ëm ee Gas- oder Gestengsplanéit handelt. Hien huet ongeféier den dräifachen Äerdradius.

Dee baussegte Planéit Kepler-47c ass an der habitabler Zon, well hien am Duerchschnëtt 87,5 % vun der vergläichbarer Stralung vun der Äerd vu senge Stären kritt. Hien ëmkreest si während 303,2 Deeg an ass mat 4,6 Äerdradien eppes méi grouss wéi den Uranus. Seng Mass ass net bekannt. Méiglecherweis ass de Kepler-47c e Gasris, soudatt op him kee Liewen existéiere kann, datt wier awer op engem ëmkreesende Mound méiglech.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kepler-47 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]