Kepler-78b

Vu Wikipedia

De Kepler-78b (ufanks KIC 8435766 b genannt) ass en Exoplanéit deen 2013 op enger Distanz zu eiser Äerd vu 400 Liichtjoer entdeckt gouf.[1],[2][3] Den Exoplanéit kreest ëm ee sonnenänleche Stär, mat der Spektralklass G am Stärebild Cygnus, de Kepler-78 op engem Ofstand vu manner wéi 1,6 Millioune Kilometer. Seng Entwécklung ass wéinst senger klenger Distanz zum Stär onkloer. D'Ëmlafbunn läit net an der habitabler Zon.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Kepler 78b a kuerzer Distanz zu senger Sonn (Symbolbild)

De Planéit gouf mat Hëllef vum an der Tëschenzäit net méi aktive Kepler-Weltraumteleskop entdeckt. Dat Teleskop hat Hellegkeetsvariatiounen opgezeechent, déi optriede wann e Planéit vun der Äerd aus gesi genee viru sengem Zentralstär laanschtzitt. De Planéit gouf fir d'éischt 2013 obserwéiert an zwar am Kader vun enger Observatioun déi aacht Deeg gedauert huet.[4] Nieft den Hellegkeetsschwankungen hu Reflektioune vun optreffendem Liicht zu senger Entdeckung bäigedroen[5]. Seng Entdeckung gouf den 30. Oktober 2013 fir d'éischt publizéiert.[6][7]

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

De Stär vun deem de Kepler-78b ëmkreest gëtt, gehéiert zu der Spektralklass G.[7] Fir een Ëmlaf brauch den extrasolare Planéit ongeféier 8,5 Deeg. D'Distanz vum Kepler 78b zu senger Sonn ass nëmmen en honnertstel vum Ofstand tëscht Äerd an eiser Sonn.[8] Duerch déi kuerz Distanz zu senger Sonn, gëtt d'Temperatur op 2200 bis 2800 °C geschat. De Francesco Pepe, een un der Entdeckung bedeelegten Astronom vun der Universitéit Genf, an der Schwäiz, bezeechent de Planéit als äerdgrouss Lavawelt "..it can be imagined like a lava planet rather than an Earth-like planet".[9]

D'Mass vum Kepler-78b läit bei zirka 186 % géigeniwwer der Äerd, wärend hien nëmme 16 % méi grouss ass.[10][11] D'Dicht stëmmt ongeféier mat där vun der Äerd iwwerenee. Heiraus gëtt ugeholl, datt hien haaptsächlech och aus Gestengs an Eise besteet. Tëscht 20 a 60 % vum optreffende Liicht gi reflektéiert.[11]

Hie gehéiert zu enger neientdeckter Klass vun äerdgrousse Planéiten, déi hire Stär a manner wéi 12 Stonnen ëmkreesen an ass deen éischte Planéit aus där Grupp, fir deen d'Mass elo bestëmmt konnt ginn. Seng Entwécklung ass nach onkloer.[12][12]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. kepler-78b-astronomen-entdeckten-unmogliche-ferne-hollen-erde
  2. http://www.nature.com/news/exoplanet-is-built-like-earth-but-much-much-hotter-
  3. http://www.space.com/23394-strange-alien-planet-earthlike-kepler-78b.html
  4. Exoplanet Kepler-78b Astronomen entdecken Erd-Zwilling
  5. http://arxiv.org/abs/1305.4180
  6. http://www.nature.com/nature/journal/vaop/ncurrent/full/nature12768.html
  7. 7,0 7,1 http://kosmischeurkraft.wordpress.com/2013/10/31/kepler-78b-astronomen-entdeckten-unmogliche-ferne-hollen-erde/
  8. http://www.spiegel.de/wissenschaft/weltall/exoplanet-kepler-78b-astronomen-entdecken-erd-zwilling-a-930806.html
  9. http://www.nature.com/news/exoplanet-is-built-like-earth-but-much-much-hotter-1.14058
  10. Transits and occultations of an Earth-sized planet in an 8.5-hour orbit
  11. 11,0 11,1 http://exoplanetarchive.ipac.caltech.edu/cgi-bin/DisplayOverview/nph-DisplayOverview?objname=Kepler+78+b&type=CONFIRMED_PLANET
  12. 12,0 12,1 http://www.cfa.harvard.edu/news/2013-25