Kesi

Vu Wikipedia
Kesi
Gebuertsnumm Oliver Kesi Chambuso
Pseudonym KESI
Gebuer 7. September 1992
Dänemark
Nationalitéit Dänemark
Aktivitéit Rapper
De Kesi bei engem Concert (2015)

De Kesi, gebuer als Oliver Chambuso de 7. September 1992,[1] ass en dänesche Rapper.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Dem Kesi seng Mamm kënnt vu Sansibar (Tansania).[2] Fir d'éischt war hien an engem Hip-Hop-Kollektiv mam Numm B.O.C.[3] aktiv, deen aus dem Kopenhagener Quartier Nørrebro komm ass. Éischt gréisser Opmierksamkeet krut hien, wéi hien 2010 de Video Byen sover ("D'Stad schléift") op YouTube verëffentlecht huet,[4] wouduerch hien e Kontrakt bei engem grousse Plackelabel konnt ënnerschreiwen. Seng éischt Single an den Charts war Slem dreng ("Béise Jong"), déi 2011 eng Woch op Plaz 10 stoung. D'Joer drop huet hie säin éischten Album Bomber over centrum an 2013 de Mixtape Ung hertug ("Jonken Herzog") verëffentlecht.

D'Lidd "Søvnløs" ("Ouni Schlof") vum Album Barn af byen ("Kand aus der Stad") war 2014/2015 16 Wochen an den däneschen Top 10, dovun eng Woch op der Nummer 1.[5]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Album Classement[6] an
Dänemark
2012 Bomber over centrum 9
2013 Ung hertug (Mixtape) 5
2015 Barn af byen 3
2020 BO4L 1

EPen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Album Classement[6] an
Dänemark
2019 888 2
2020 72 Timer 7

Lidder (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Auswiel u Singelen, déi vum Kesi eleng oder a Kollaboratioun mat anere Kënschtler verëffentlecht gouf, mat den Placéierungen an den dänesche Singlecharts.

  • 2011: Slem dreng - #10
  • 2012: Ku godt - #9
  • 2014: Søvnløs - #1
  • 2017: Følelsen - #2
  • 2018: Ligesom mig - #3
  • 2018: Kom over - #1
  • 2018: Ekstra - #3
  • 2018: X - #1
  • 2019: Pengedans - #3
  • 2018: Su casa (mam Gilli) - #1
  • 2019: BDK (mam Gilli) - #2
  • 2020: Tilbage (mam Hennedub) - #2
  • 2020: Blå himmel (mam Hans Philip) - #1
  • 2021: Wawa (mam Benny Jamz, Gilli a B.O.C) - #3
  • 2021: Er her (mam Artigeardit) - #1
  • 2021: Hajde (mam Benny Jamz, Gilli a B.O.C) - #3
  • 2021: Ibiza (mam Benny Jamz, Gilli a B.O.C) - #1

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kesi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. seoghoer: Presentatioun op V.I.P.edia
  2. forrestandbob.com: Interview mam Kesi
  3. B.O.C. steet alternativ fir "Bombs Over Copenhagen", "Bars of Crack" oder "Bomber vver centrum".
  4. soundvenue.com: Guide: Her er dansk hiphops fremtid (16. Juni 2011)
  5. Søvnløs op danishcharts.com
  6. 6,0 6,1 Klassement vum Kesi sengen Albumen a Singelen op danishcharts.dk