Kierch Notre-Dame du Sablon

Vu Wikipedia
Kierch Notre-Dame du Sablon
Land Belsch
Gemeng Bréissel
Plaz Pentagon
Koordinaten 50°50'25,1"N, 4°21'22,3"O
Baustil Gotik
Datum vum Bau 15. Joerhonnert (Julianesch)
Notre-Dame du Sablon, um Sablon, zu Bréissel
D'Uergel

D'Kierch Notre-Dame du Sablon (O.-L.-Vrouw ten Zavel) gouf tëscht 1400 a 1549 zu Bréissel um Sablon an engem spéitgotesche Stil gebaut.

Si huet Elementer vum flamboyante franséische Stil, an och déi klassesch Proportioune vu franséischer Gotik, wann och am méi klengen.

Kuckeswäert si Wandmolereie vu 1435, en ettlech Konschtwierker, d'Fënsteren an d'Uergel. D'Uergel, mat hirem barocke Buffet, gouf 1988-89 vum Georg Westenfelder renovéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Notre-Dame du Sablon – Biller, Videoen oder Audiodateien