Kierch Saint-Julien vun Auderghem

Vu Wikipedia
Kierch Saint-Julien vun Auderghem
Land Belsch
Gemeng Auderghem - Oudergem
Koordinaten 50°49'16,201"N, 4°24'34,679"O

D'Kierch Saint-Julien vun Auderghem ass d'Kierch vun der Par Auderghem an der Haaptstadregioun Bréissel. Déi Par gouf duerch e kinneklechen Arrêté vum 24. Mee 1906 gegrënnt.

D'Kierch steet an der Avenue Gabriel Emil Lebon op N° 1. Et ass déi zweet Kierch vun der Par a gouf den 1. Mee 1965 vum Kardinol Suenens konsekréiert.

Déi éischt Kierch stoung an der Avenue de l'Église Saint-Julien op N° 10, déi bis 1932 Avenue des Aquarellistes geheescht huet.

Hiren Numm huet se als Erënnerung un de Julien Plissart, Bouf vum Nestor Plissart dee vun 1900 bis 1907 Buergermeeschter vun Etterbeek war, an deen, nodeem säi Bouf eng Krankheet gutt iwwerstanen hat, der Par den néidegen Terrain fir de Bau vun enger Kierch geschenkt hat. Virdru stoung do eng Zillefabréck.

Déi haiteg Kierch vun 1965 ass e moderne Bau dee vun uewe gesi wéi e véirels Stéck vun enger Taart ausgesäit. Se huet e flaachen Daach an nëmmen eng grouss Säitefënster aus Glasbëtong zur Säit vun de Avenue Lebon. Op der Säit vun der Rue Valduc ass keng Fënster. D'Luucht kënnt iwwer eng ronn fofzeg Daachliichten eran. D'Mauere si ganz einfach gehalen a goufe mat Hasteng aus der Wäisser Kaul vu Rëmeleng gebaut.[1]

Déi éischt Kierch vun 1906 gouf den 1. Mee 1965 desaffektéiert an 1985 ofgerappt.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. industrie.lu Carrière Blanche
  2. Artikel op Reflexcity