Kiewer Gare (Moskau)
|
| |
| Land | Russland |
|---|---|
| Koordinaten | 55°44'36"N, 37°34'3"O |
| Datum vum Bau | 18. Februar 1918 |
| Opgaangen | 18. Februar 1918 |
| Genannt no | Kyjiw |
|
| |

D'Kiewer Gare (op russesch: Киевский вокзал) ass eng Kappgare zu Moskau. Si gouf tëscht 1914 an 1918 gebaut und huet bis 1934 Brjansker Gare geheescht.
D'Haaptgrond fir de Bau vun där Gare war, datt ëmmer méi Leit mam Zuch gefuer sinn. Well d'Standzäiten an de Kappgarë méi laang ware wéi an den anere Garen, sinn dacks méi wéi 15 Gleiser gebraucht ginn, an déi aner Garen zu Moskau waren dofir ze kleng. Eng aner Ursaach waren d'Pläng vum Zar Nikolai II. vu Russland fir d'Zareräich no Süden z'erschléissen. Et ass dunn decidéiert ginn eng Kappgare mat Orientéierung no Süden ze bauen.
Hautdesdaags fueren do Zich fort a Richtung Budapest, Belgrad, Sofia an Istanbul.
Architektur
[änneren | Quelltext änneren]D'Pläng fir dëse Bau am neoklassizistesche Stil ware vun den Architekten Iwan Rerberg a Wladimir Schuchow. Iwwer de Gleiser ass een 30 m héije Glasbou, an um rietsen Eck vum Gebai steet en 51 m héije Klackentuerm.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kievsky Railway Station – Biller, Videoen oder Audiodateien |
