Op den Inhalt sprangen

Kirmessief

Vu Wikipedia
Kirmessief
D'Kirmessief ënner der Vennbunnbréck beim Klouschter Reichenstein
Hydrographesche
Baseng
Meuse-Baseng
Originn
Héicht 640 m
Konfluenz
Leeft an Roer
Héicht 520 m
Geographie
Land Belsch
Däitschland
Regioun Héicht Venn

D'Kirmessief ass eng kleng Baach am belsch-däitsche Grenzgebitt am Héije Venn.

Se huet hir Quell an engem Muer um Bovelervenn op enger Héicht vu 640 Meter. Vu do aus leeft se no Westen, fir no ronn 1.400 Meter op déi belsch-däitsch Grenz ze stoussen.

Op enger Längt vu 500 Meter mécht se dann d'Grenz tëscht den zwee Länner, fir dann duerch d'Griecht vum Leyloch weider an de Rurdall ze lafen, wou se op enger Héicht vu 520 Meter, nërdlech vum Klouschter Reichenstein an d'Rur leeft.