Kiwi (Schongwichs)
Ausgesinn

Kiwi ass den Numm vun enger ursprénglech australescher Mark vu Schongwichs, déi vum Erfinder William Ramsay, engem Mann mat schotteschen Originnen, 1906 entwéckelt gouf.
Zu Lëtzebuerg gouf de Markennumm den 20. August 1924 ënner der Nummer 5301 agedroen an den 31. Dezember 1925 an der Annex 8 (Recueil officiel des marques de fabrique et de commerce) vum Memorial No. 63 verëffentlecht[1].
Kiwi huet vun 1984 - 2011 zu der US-amerikanescher Firma Sara Lee Corporation gehéiert.
De 4. Abrëll 2011 gouf dee Geschäftsberäich un d'Firma S. C. Johnson & Son verkaaft.
Kiwi hat 2013 53 % vum Schongwichs-Weltmaart, deen awer duerch de Wandel an der Produktioun vun de Schong ëmmer méi kleng gëtt.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ The Kiwi Polish Company Proprietary limited am Memorial vum 31. Dez. 1925 S.148