Klackespill-Lyra

Vu Wikipedia
Eng chromatesch Klackespill-Lyra

Eng Klackespill-Lyra ass e Museksinstrument, dat zu den Idiophone gehéiert.

Et gëtt viru sech gedroen a funktionéiert wéi e vertikaalt Vibraphon. D'Schlaginstrument, dat vill a Militärorchestere gespillt gëtt, besteet aus enger metalle Rumm, an där stole Plättercher labber ugemaach sinn, déi mat engem Himmerche geschloe ginn. Bei engem diatonesche Modell sinn déi gestëmmte Placken an enger Rei, bei der chromatescher Klackespill-Lyra si se op zwou parallele Schinnen.

Seng Originnen huet dat Instrument am Schellebam vun de Janitscharenorchesteren, bei deem Kläckelcher net geschloen, mä gerëselt ginn.