Klangfaarwen
Klangfaarwen ass e Roman a Lëtzebuerger Sprooch vum Jhemp Hoscheit, deen 2012 bei den Editions Guy Binsfeld erauskoum.
Ëm wat geet et am Roman?[änneren | Quelltext änneren]
De Schrëftsteller Michel Lessener erënnert sech u seng Kandheet an den 1960er Joren. Hien hat als Bouf e speziellen Don: Geräicher vu senger Ëmwelt a Fixkëschten 'opzehuelen' a no enger eegener Systematik ze späicheren, fir se kënnen ofzelauschteren. Sou gëtt seng Klangwelt eng Parallelwelt, déi et him erméiglecht, dem heinasdo batteren Alldag an dem Allengsinn ze entflüchten. Well hie wiisst ouni Papp op, seng Mamm ass dacks net doheem oder vun der Sitiatioun iwwerfuerdert, an da fënnt hien och nach eraus, dass säi Papp am Prisong séiz. Säi Schoulkommerod, de Claude, de Bouf vum Ënnersuchungsriichter, schéngt méi iwwert dem Michel säi Papp ze wëssen …
Soss[änneren | Quelltext änneren]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Hoscheit, Jhemp, 2012: Klangfaarwen. Éditions Guy Binsfeld. ISBN 978-2-87954-252-2.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- Fiche am autorenlexikon.lu (gekuckt 2022-11-11).
- Elise Schmit: "Tonkonserven." In: d'Lëtzebuerger Land Nr.21, 25.05.2012, S.22 (och op land.lu).