Klouschterhäip
Ausgesinn
Klouschterhäip (монастырская изба; och nach bekannt als Meederchersklouschter/девичий монастырь, Lafhäip/шалаш, Waben/соты, Holzkoup/поленница, Kiischtenhiwwel/вишневая горка) ass e russesche Kuch, fir dee gemenkerhand Kiischten an Deegrulle gebak ginn, déi da mat enger Crème aus saurem Schmant a Pudderzocker iwwerzunn, an uewen drop mat geraspeltem Schockela dekoréiert ginn.
Et gëtt och Variante mat Sand- an Hunnegdeeg, oder d'Kiischte ginn alt emol duerch gedréchent Quetsche mat décken Nëss ersat.