Kommunikatiounsprotokoll

Vu Wikipedia

Ee Kommunikatiounsprotokoll oder Netzwierkprotokoll ass eng Sammlung vu streng festgeluechte Reegelen a Virschrëften, no deenen Daten an engem Netzwierk ausgetosch ginn.

Bei der Kommunikatioun musse sech d'Parteien, déi kommunizéiere wëllen, zum Austausch vun Informatioun op eng Sprooch a Verhalensreegelen eenegen. Dës Verhalensreegele ginn allgemeng als Protokoll bezeechent. Si leeën d'Dateformat vun der Noriicht, déi ausgetosch soll ginn, fest a spezifizéieren all d'Aktiounen déi noutwenneg si fir datt eng Noriicht iwwerdroe ka ginn.

Amplaz riseg a komplex Protokollen ze schreiwen, déi d'ganz Aufgab vun der Kommunikatioun iwwerhuele sollen a gär feelerufälleg sinn, huet een dat ganz Kommunikatiounsproblem an e Koup kleng Problemer opgedeelt, déi all een Deel vun der Kommunikatioun léisen. Dobäi gräifen déi eenzel Protokoller alleguer reiwungslos aneneen iwwer a schaffen zesummen. Aus deem Grond schwätzt een och dacks vun enger Protokollfamill.

Jee no hirer Aufgab leien déi eenzel Protokoller vun dëser Protokollfamill a verschiddene Schichte vun engem Schichtemodell, wéi dem ISO/OSI-Referenzmodell oder dem TCP/IP-Protokollstapel, vir.