TCP/IP-Protokollstapel

Vu Wikipedia

Den TCP/IP-Protokollstapel oder TCP/IP-Referenzmodell (engl: protocol stack) ass ee Schichtemodell, dat d'Kommunikatiounsprotokoller aus der Internet-Protokoll-Famill (engl: internet protocol suite), jee no hiren Aufgaben a prinzipiell véier Schichten andeelt déi openeen opgebaut sinn.

Déi Andeelung ass net aus Spezifikatioune vun engem Standardiséierungskommitee, wéi et beim ISO/OSI-Referenzmodell de Fall ass, mä ass aus den Ufuerderungen an den Erfarungen aus der Entwécklung vum Internet entstanen.

Protokollstapel[änneren | Quelltext änneren]

Protokoller (Auswiel)
Uwennungsschicht DNS HTTP FTP SMTP POP3 Telnet SSH
Transportschicht TCP UDP
Internetschicht IP (IPv4, IPv6) ICMP
Netzzouganksschicht Ethernet Token Ring FDDI

Netzzouganksschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Netzzouganksschicht oder Bitiwwerdroungsschicht (engl: Physical Layer oder Host-to-Network Layer) huet als Haaptaufgab dofir ze suergen, datt eng sécher Iwwerdroung vun den Datepäck tëscht zwee benoperte Computeren kann oflafen. Déi z'iwwerdroe Bits ginn zu Datepäck vun enger bestëmmter Gréisst zesummegesat a mat enger Préifzomm ergänzt, sou datt Iwwerdroungsfeeler erkannt kënne ginn. Déi bekanntst Protokoller op dëser Schicht, déi sech dëser Aufgab unhuele sinn Ethernet, Token Ring oder FDDI.

Internetschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Internetschicht (engl: Internet Layer) ass fir Weidervermëttelung vun den Datepäck iwwer verschidden Netzwierker zoustänneg (Routing). D'Aufgab vun dëser Schicht ass et, fir zu engem empfaangene Pak dat nächst Tëschenzil z'ermëttelen a schliisslech de Pak dohi weiderzeleeden. Zu dësem Zweck muss een eendeitegt Adresséierungsschema benotzt ginn an all Noriicht mat enger Ziladress ergänzt ginn.

Dat zentraalt Protokoll op dëser Schicht an iwweregens vum Internet ass d'Internet Protocol (IP), dat een onzouverlässegen a verbannungslosen Ausliwwerungsdéngscht parat stellt, dee just nom Best-Effort-Prinzip schafft a sech der Weiderleedungsaufgab unhëlt. E weidert Protokoll op dëser Schicht ass d'ICMP-Protokoll, dat sech ëm Feelermeldunge këmmert, déi bei der IP-Iwwerdroung optriede kënnen.

Transportschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Transportschicht (engl: Transport Layer) déngt an éischter Linn fir eng Kommunikatiounsverbindung tëscht zwéin Uwennungsprogrammer, déi op verschiddene Computere sinn, opzemaachen.

De wichtegste Protokoll op där Schicht ass den Transmission Control Protocol (TCP), dee fir eng zouverlässeg a bidirektional Kommunikatioun suergt, soudatt déi eenzel Datepäck feelerfräi an an der richteger Reiefolleg beim Destinataire ukomme kënnen. Eng aner Aufgab vun dësem Protokoll ass et fir wa méiglech Iwwerlaaschtungssituatiounen ze verhënneren.

E weideren net sou komplexe Protokoll op där Schicht ass de User Datagram Protocol (UDP), deen eng onzouverlässeg Kommunikatioun erméiglecht an domat en héijen Datenduerchsaz garantéiert. Allerdéngs muss da mat Dateverloschter a mat Problemer an der Reiefolleg vun den Datepäck gerechnet ginn.

Uwennungsschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Uwennungsschicht (engl: Application Layer) ëmfaasst all Protokoller, déi mat engem Uwennungsprogramm zesummeschaffen an d'Netzwierkinfrastruktur fir den Austausch vun den Date benotzen. Déi grondsätzlech Aufgab vun dëser Schicht läit also an der Bereetstellung vun enger Schnëttstell zu den eigentlechen Uwennungsprogrammer, déi iwwer Netz kommunizéiere wëllen. D'Uwennungen u sech gehéieren awer net zu der Schicht an och net zum Stapel. Zu dëser Schicht gehéieren e ganze Koup vu Protokoller, wéi zum Beispill:

Literatur[änneren | Quelltext änneren]