Simple Mail Transfer Protocol

Vu Wikipedia
SMTP am TCP/IP-Referenzmodell
Uwennungsschicht SMTP
Transportschicht TCP
Internetschicht IP
Netzzouganksschicht Ethernet Token
Ring
FDDI ...

De Simple Mail Transfer Protocol (kuerz SMTP) ass en Netzwierkprotokoll, deen zum Austausch vun elektronescher Post, méi genee zum Verschécken a schliisslech zum Weiderleede vun Emailen, benotzt gëtt. Fir Noriichten aus der elektronescher Bréifkëscht ofzehuelen, komme Protokoller wéi POP3 oder IMAP zum Asaz.

SMTP gouf 1982 eng éischt Kéier am RFC 821 standardiséiert an huet mëttlerweil eng ganz Rei vun Erweiderunge matgemaach.

Den SMTP-Protokoll, deen dem Benotzer duerch säi Mailprogramm, dem sougenannte Mail User Agent (MUA), verstoppt bleift, baut am TCP/IP-Referenzmodell um zouverlässegem Transmission Control Protocol op a läit sou op der véierter Schicht vun dësem Modell. Well de relativ einfachen, textbaséierte Protokoll Noriichten am ASCII-Code (7-Bit) Kloertext austauscht, funktionéiert en net fir binär Dateien z'iwwerdroen. Fir dëse Problem aus der Welt ze schafe si Standarte wéi MIME entwéckelt ginn.

Funktiounsweis[änneren | Quelltext änneren]

Fir eng Email-Noriicht ze verschécken, muss de Mail User Agent (Sender) fir d'éischt eng TCP-Verbindung iwwer den TCP-Port 25 zum Destinataire opbauen. Nodeem de Sender dës Verbindung opgebaut huet, operéiert hien als Client a waart bis datt den Empfänger (Server) mat der Kommunikatioun ufänkt. De Server start mat dem Sende vun enger Textzeil, déi seng Identitéit noweist a matdeelt, ob e bereet ass eng Noriicht z'empfänken. Klappt dëst net, brécht de Client d'Verbindung of a probéiert zu engem spéideren Zäitpunkt nach eng Kéier. Am anere Fall äntwert de Client mat enger HELO-Meldung mam Bewäis vu senger Identitéit. Schliisslech confirméiert de Server, datt eng SMTP-Verbindung tëscht Client a Server besteet.

Server: 220 xyz.com SMTP READY FOR MAIL
Client: HELO abcd.com
Server: 250 xyz.com says HELO to abcd.com

De Client kann elo eng oder méi Noriichte verschécken oder d'Verbindung nees zoumaachen. Am Fall datt en eng Noriicht verschécke wëll, fänkt e mat enger Zeil déi seng Email-Adress beinhalt un an de Server quittéiert den Empfank. Doropshi schéckt de Client elo d'Email-Adress vum Destinataire. Wann den entspriechende Konto existéiert, signaliséiert de Server, datt e bereet ass d'Noriicht unzehuelen an drop s waart.

Client: MAIL FROM <123@abcd.com>
Server: 250 server ok
Client: RCPT TO <789@xyz.com>
Server: 250 server ok

De Client fänkt fir d'éischt mam Schlësselwuert DATA un an de Server quittéiert. Doropshi start de Client schliisslech mat der Iwwerdroung vum vollstännegen Noriichtentext, dee mat engem Punkt ophale muss. Schliisslech quittéiert de Server nees eng Kéier an d'Verbindung kann elo ofgeschloss ginn.

Client: DATA
Server: 354 Send mail; end with "."
Client: From: <123@abcd.com>
	To: <789@xyz.com>
	Subject: Testmail
	Date: Thu, 26 Oct 2006 13:10:50 +0200

	Testmail
	.
Server: 250 message accepted <message-id>
Client: QUIT
Server: 221 xyz.com closing connection

Well den SMTP-Protokoll en textbaséierte Protokoll ass, ka mat Hëllef vun telnet eng Email vun Hand verschéckt ginn. Heibäi sinn d'Sender- an Empfängeradress fräi wielbar an eng Authentifizéierung ass net méiglech. Aus deem Grond ass d'Zouverléissegkeet vun der Senderadress vun enger Email net garantéiert. Souguer kënnen d'Adresse sech am MAIL FROM- an RCPT TO-Kommando vun deenen am FROM:- an TO:-Mailheader ënnerscheeden.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]