Konrad II. vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
History template.gif Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Konrad II.
Conrad II, Count of Luxembourg.png
Titelen
Virgänger Wilhelm
Nofollger Heng de Blannen
Biographie
Gebuer 1106 (Julian)
Gestuerwen 1136 (Julian)
Papp Wilhelm vu Lëtzebuerg
Mamm Mathilde vun Northeim

De Konrad II. war Grof vu Lëtzebuerg vun 1129 bis 1136. Hie gouf 1106 gebuer an ass 1136 gestuerwen. Hie war den eenzege Fils vum Wilhelm, Grof vu Lëtzebuerg, a vun der Mathilde vun Northeim.

Hie war mat der Irmingard vun Zütphen bestuet, Duechter vum Grof Otto vun Zütphen. Si hate keng Kanner.

Wéi hien 1136 am Alter vun nëmmen 30 Joer gestuerwen ass, war déi männlech Linn am 1. Haus Lëtzebuerg erlosch. D'Grofschaft ass op d'Nokomme vun der Ermesinde vun Namouer, enger Duechter vum Konrad I., iwwergaangen. D'Ermesinde war bestuet mam Grof Godefroi I. vun Namouer. Hire Fils, den Henri vun Namouer, besser bekannt als Heinrich IV. oder Heng de Blannen, gouf du Grof vu Lëtzebuerg.


Virgänger:
Wilhelm
Grof vu Lëtzebuerg
1129 - 1136
Nofollger:
Heng de Blannen