Op den Inhalt sprangen

Konrad II. vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Konrad II. vu Lëtzebuerg
Titelen
Grof vu Lëtzebuerg
Zäit 1621 bis 1665
Virgänger Wilhelm
Nofollger Heng de Blannen
Biographie
Gebuer 1106 jul.
Gestuerwen 1136 jul.
Papp Wëllem vu Lëtzebuerg (1070 – 1129)
Mamm Liutgard vu Beichlingen

De Konrad II., gebuer 1106 (oder 1110[1]) a gestuerwen 1136, war vun 1129 bis 1136 Grof vu Lëtzebuerg. Hie war den eenzege Fils vum Wilhelm, Grof vu Lëtzebuerg, a vun der Mathilde vun Northeim.

Hie war mat der Irmingard vun Zütphen bestuet, Duechter vum Grof Otto vun Zütphen. Si hate keng Kanner.

Wéi hien 1136 am Alter vun nëmmen 30 Joer gestuerwen ass, war déi männlech Linn am 1. Haus Lëtzebuerg op en Enn. D'Grofschaft ass op d'Nokomme vun der Ermesinde vun Namouer (1080 – 1143), enger Duechter vum Konrad I. iwwergaangen.

D'Ermesinde war bestuet mam Grof Godefroi I. vun Namouer. Hire Fils, den Henri vun Namouer, besser bekannt als Heinrich IV. oder Heng de Blannen, gouf du Grof vu Lëtzebuerg.

Virgänger:
Wëllem
Grof vu Lëtzebuerg
1129 - 1136
Nofollger:
Heng de Blannen

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Person Page. www.thepeerage.com. Gekuckt de(n) 2023-11-13.