Konschtturnen

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Konschtturnen
Typ Turnen
Olympesch Sportaart zënter 1896
Federatioun
Lëtzebuerg Fédération luxembourgeoise de gymnastique
Ursprong
Aner Informatiounen
Aktuelle Weltmeeschter ♂
kuckt wgl.:
Aktuelle Weltmeeschter ♀ Lëscht vun de Weltmeeschter am Konschtturnen (de)


Konschtturnen ((de) Gerätturnen, (fr) gymnastique artistique) ass 1896 als eng vun den éischte Sportaarte bei den Olympesche Spiller vun der Neizäit agefouert ginn. D'Konschtturner mussen hir Fäegkeeten op Apparater wéi um Barren oder um Buedem ënner Beweis stellen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Platon, Aristoteles an den Homer ware scho vun de stäerkenden Eegenschafte vum Turnen iwwerzeegt. D'Griiche waren der Meenung, datt d'Symmetrie tëscht Kierper a Geescht nëmme méiglech wier, wann d'kierperlech Beweegung mat der mentaler Aktivitéit associéiert ass.

De Begrëff vum „Konschtturnen“ ass am Ufank vum 19. Joerhonnert entstanen, fir déi fräi Form vum Turne vun den Technike vum militäreschen Training z'ënnerscheeden. Turnkompetitioune goufen an de Schoulen a Sportsveräiner uechter Europa organiséiert a sinn nees opgebléit wéi d'Konschtturne bei den Olympesche Spiller 1896 zu Athen als Olympesch Sportaart unerkannt gouf.

Tëscht 1896 an 1924 huet sech de Sport zu deem entwéckelt, wat mir haut als modernt Turne kennen. Fréier Disziplinnen déi mëttlerweil ewechgefall sinn, waren z. B. Keuleschwéngen, Seelklammen oder Steenhiewen.

An der Ufankszäit vum Olympeschen Turnen haten d'Participanten dacks eng Balletsausbildung a waren an hiren 20er Joren um Héichpunkt vun hirer Karriär. Wéi d'Nadia Comaneci an d'Nellie Kim 1976 zu Montreal am Alter vu 14 Joer de perfekte Score vun 10 Punkten erreecht hunn, war dat den Ufank vun enger Ära vu jonke Championen, déi vu klengem u speziell fir d'Konschtturnen trainéiert goufen. Hautdesdaags muss een op d'mannst 16 Joer al sinn, fir bei Olympia däerfe matzemaachen.

Reegelen[änneren | Quelltext änneren]

D'Turner kréien eng D-Nott (D = (fr) difficulté) fir d'Schwieregkeet an eng E-Nott (E = (fr) exécution) fir Ausféierung.

D'Schwieregkeetsnott gëtt op Basis vun den Übunge bestëmmt, woubäi een tëscht 0,1 a 1,0 Punkt pro Übung kréie kann. Fir déi definitiv D-Nott z'ermëttelen, gi bei den Dammen déi aacht bescht a bei den Hären déi zéng bescht Übunge gekuckt.

Fir d'E-Nott ze bestëmmen, fänkt all Turner mat der voller Punktzuel vun 10,0 un a fir all Feeler dee gemaach gëtt, gi Punkten ofgezunn.

Zum Schluss wënnt den Turner deen déi héchst kombinéiert D- an E-Nott huet.

Konschtturnen an d'Olympesch Spiller[änneren | Quelltext änneren]

D'Konschtturne gouf 1896 bei den alleréischten Olympesche Spiller vun der Neizäit zu Athen agefouert an ass zënterhier bei alle Spiller vertrueden. Am Ufank gouf et Disziplinnen, wéi Kloteren an Akrobatik, déi een hautdesdaags schwéier als „kënschtleresch“ bezeechne kann.

De Grondstee fir den olympeschen Turnprogramm gouf 1924 bei de Spiller zu Paräis geluecht, wéi d'Konschtturnen als Eenzel- a Mannschaftskompetitioun bei de Männer agefouert gouf. 1928 goufen zu Amsterdam och Fraen zougelooss.

Kompetitiounen[änneren | Quelltext änneren]

Am Konschtturne gëtt et bei den Olympesche Spiller 14 Kompetitiounen: aacht fir d'Männer a sechs fir d'Fraen:

Kompetitioune bei den Olympesche Spiller
Hären Dammen
Eenzelméikampf Eenzelméikampf
Mannschaftsméikampf Mannschaftsméikampf
Barren Buedem
Buedem Sprong
Sprong Schwiefbarren
Reck Stufebarren
Réng
Päerd

Konschtturnen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt et knapp 50 Turnveräiner déi am nationale Verband federéiert sinn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fédération luxembourgeoise de gymnastique.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Konschtturnen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]