Konstantinos Mitsotakis
| Konstantinos Mitsotakis | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
18. Oktober 1918 Chania |
| Gestuerwen |
29. Mee 2017 Athen |
| Nationalitéit | Griicheland |
| Educatioun | Universitéit vun Athen |
| Aktivitéit | Politiker, Diplomat, Affekot |
| Partei | Nea Dimokratia |
| Fonctioun | Premierminister vu Griicheland, Finanzminister vu Griicheland |
| Member vun | Friends of Music Society |
| Gielercher | Robert-Schuman-Medail, Grousskräiz vum Isabellauerden |
| Famill | |
| Bestuet mat | Marika Mitsotakis (6.1953–6.5.2012) |
| Kanner | Ντόρα Μπακογιάννη, Kyriakos Mitsotakis |
|
| |
De Konstantinos Mitsotakis (gr.: Κωνσταντίνος Μητσοτάκης, gebuer den 18. Oktober 1918 zu Chania, op Kreta, a gestuerwen den 29. Mee 2017 zu Athen, war e griichesche Politiker. Hie war vum Abrëll 1990 bis den Oktober 1993 griichesche Ministerpresident.
Virdru war hien zanter den 1950er Jore politesch aktiv a war ë. a. Wirtschafts-, Infrastruktur- an Ausseminister. Hie war den Neveu vum Eleftherios Venizelos a war bis an d'1960er Jore Member vum Georgios Papandreou senger Enosis Kendrou ("Zentrumsunion"). An den 1970er Jore gouf e Member vum Konstantinos Karamanlis senger Nea Dimokratia, vun där en 1984 President gouf.
2004 huet e sech aus der aktiver Politik zeréckgezunn.
Seng Duechter, d'Dora Bakogianni, war vun 2006 bis 2009 Ausseministesch.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Constantine Mitsotakis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
