Koptesch Kierch

Vu Wikipedia
D'Symbol vun der Koptescher Kierch ass en ugepasst Kräiz vu Jerusalem

D'Koptesch Kierch ass eng chrëschtlech Kierch vun Egypten mat tëscht fënnef an zéng Millioune Memberen a 40 Diözeesen. Et gëtt och nach méi kleng Communautéiten a Libyen, am Sudan an an enger Rei anere Länner.

Kierchechef war zanter 1971 de Poopst Shenouda III. Zanter 2012 ass et den Tawadros II.

Als Grënner vun der Koptescher Kierch gëtt deen als Märtyrer veréierte Johannes Markus ugesinn, dee sech der Legend no am 1. Joerhonnert zäitweis an Egypten opgehalen huet. Grouss Deeler vun der Bevëlkerung sinn am 1. an 2. Joerhonnert der Kierch bäigetratt.

D'Koptesch Kierch gebraucht zanter dem 2. Joerhonnert déi koptesch Sprooch als Sakralsprooch.

D'Mënchtum huet eng laang Traditioun a gouf duerch den Hellegen Antonius (ëm 251-356) an duerch de Pachomios (ëm 292-346) gegrënnt.

Koptesch Communautéit zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Op Basis vun enger autorisation de célébrer vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, zelebréiert d'Communautéit vun de Kopten aus Eritrea zanter 2016 an der Kierch am Rollengergronn zweemol an der Woch hir Gottesdéngschter, dëst well d'Kierch net méi vun de Katholicke gebraucht gëtt[1].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Wolfgang Kosack, Der koptische Heiligenkalender, mat koptescher Patriarchelëscht, Christoph Brunner, Berlin 2012.
  • Wolfgang Kosack, Novum Testamentum Coptice. Neues Testament, Bohairisch, ediert von Wolfgang Kosack. Novum Testamentum, Bohairice, curavit Wolfgang Kosack. / Wolfgang Kosack. neue Ausgabe, Christoph Brunner, Basel 2014. ISBN 978-3-906206-04-2.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Koptesch Kierch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (lb)Serie Stater Kierchen (2): D'Kierch vum Hellegen Antonius vu Padua am Rollengergronn: Desakraliséierung!. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2023-08-18.