Kralowetz-Affär

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Kralowetz-Affär war eng politesch Affär zu Lëtzebuerg ëm de Joerdausendwiessel, déi besonnesch am Joer 2002[1][2] héich Welle geschloen huet. Et ass ëm Mëssstänn am Aarbechtsrecht gaangen am Zesummenhank mat enger éisträichescher Firmefamill am Beräich vum Stroossentransport, déi ë. a. mat der United Cargo Luxembourg (International) och Néierloossungen zu Lëtzebuerg hat, an déi Chauffeuren aus Drëttlänner beschäftegt huet.

D'Chaufferen aus Länner aus dem Osten - deemools nach net EU-Member - goufen bei de viséierten Firmen op de Kilometer a net op d'Stonn bezuelt, wéi dat eigentlech am europäesche Recht virgesi war. Et koum zu Razzien an de Firmesëtzer fir Dokumenter sécher ze stellen an de Karl Kralowetz, technesche Gerant gouf festgeholl.

De 4. Juni 2002 koum et zu enger seelener parlamentarescher Enquête-Kommissioun "Transports routiers internationaux", nodeems am Mee vun deem Joer schonn eng Spezialkommissioun an d'Liewe geruff gi war[3].

Am Zentrum vun den Ënnersichunge stoung dobäi de System, wéi déi offiziell Autorisatiounen ausgestallt goufen. Als Resultat goufen d'Kompetenze vun de Beamten an hir Limitte méi kloer festgeluecht an d'Zesummenaarbecht tëscht de Ministère gouf verbessert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Affaire Kralowetz: réaction du ministère des Transports. paperjam.lu (31.01.2002). Gekuckt de(n) 31.08.2022.
  2. OGBL aktuell (02/2022, n°2): Affäre Kralowetz: Chronik der Ereignisse. OGBL (Februar 2002) Gearchiveerd op 2022-08-31. Gekuckt de(n) 31.08.2022.
  3. Les affaires Kralowetz, de la "valise" et de Mondorf-lès-Bains. wort.lu (13.06.2012). Gekuckt de(n) 31.08.2022.