Krasnojarsk

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Krasnojarsk
Land Russland
Federatiounskrees Sibirien
Status Regioun
Regioun Krasnojarsk
Gegrënnt 1628
Awunner 1.083.865 (2017)
Fläch 348
Koordinaten 56°0'32"N, 92°52'19"O
Zäitzon UTC+7
Telefonszon 391
Postcode 660000–660136
Websäit http://www.admkrsk.ru/


Krasnojarsk aus der Loft

Krasnojarsk (Красноярск) ass d'Haaptstad vun der Regioun Krasnojarsk a Sibirien, Russland. Si läit um Floss Jenissei souwéi un der Transsibirescher Eisebunn. Mat bal enger Millioun Awunner (Stand 2009) ass et déi drëttgréisste Stad a Sibiren, no Nowosibirsk an Omsk.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Um Zingrubelschäi fënnt een direkt dräi kuckeswäert Bauwierker vun der Stad: d'Kraaftwierk um Krasnojarsker Stauséi, d'Kapell Paraskewa-Pjatniza an d'Gemengebréck iwwer de Jenissei.

Déi leschtgenannte geet um Norduwänner an d'Haaptverkéiersoder Weinbaumstrooss iwwer, ongeféier bei der Theaterplaz mat deem fir d'350järegt Stadjubiläum gebauten Operntheater an dem Hotel Krasnojarsk. Parallel zur Weinbaumstrooss leeft de Prospekt Mira, d'Haaptakafsstrooss vun den Awunner.

Eisebunnsbréck iwwer de Jenissei
Goar vu Krasnojarsk

Am Südweste vun der Stad setzt d'Transsib iwwer de Jenissei, op enger 1000 m laanger Stolgitterbréck, zur hirer Zäit (1896) eng vun deene längste Konstruktiounen, déi souguer op der Paräisser Weltausstellung am Joer 1900 ausgezeechent gouf. D'Goar vu Krasnojarsk stécht zanter hirer Reonovatioun 2004 ebenfalls als apaart Bauwierk ervir. Dëst geet op de Kont vum Pjotr Pimaschkow zeréck, dee 15 Joer laang Buergermeeschter war (1996-2011), a vill zur Stadverschéinerung bäigedroen huet.

Och nach z'ernimme sinn d'Kierch Maria-Schutz-a-Fürbitten (1795), an de Regionalmusée vu Krasnojarsk am neo-egyptesche Stil (1929).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Krasnoyarsk – Biller, Videoen oder Audiodateien