Kreuz im Venn

Vu Wikipedia

D'Keuz im Venn ass eng markant Plaz am Héije Venn, eng ronn 1.200 Meter nërdlech vum Ruitzhof.

Op der Plaz steet e sechs Meter héicht Kräiz, dat op engem 80 Meter laangen a bis zu 12 Meter héije Konglomeratfiels, aus dem Devon opgeriicht gouf. De Fiels selwer ass ënner dem Numm Richelsley bekannt.

Dat 1.338 kg schwéiert stole Kräiz gouf den 28. Juli 1890 ageweit. Bei d'Kräiz kënnt een iwwer 31 Träpleken. An enger natierlecher Fielsnisch hunn d'Awunner vu Kalterherberg 1894 zu Éiere vum Erbauer, dem Paschtouer Gerhard Joseph Arnoldy, bei Geleeënheet vu sengem Sëlwerjubiläum als Paschtouer eng Muttergottesstatu opriichte gelooss.

De Gerhard Joseph Arnoldy war vun 1869 bis 1914 Paschtouer zu Kalterherberg. Hien hat d'Kräiz op eege Käschten, deemools 800 Goldmark opriichte gelooss, fir un de Vennapostel Stephan Horrichem z'erënneren. Den Arnoldy war och dreiwend Kraaft, datt zu Kalterherberg eng grouss Kierch opgeriicht gouf, déi haut zu de sougenannnten Äifeldoume gerechent gëtt.