Op den Inhalt sprangen

Krichsverbriecherprozesser vun Tokio

Vu Wikipedia
De Riichter William F. Webb um Presidentestull 1946

An de Krichsverbriecherprozesser vun Tokio (東京裁判 Tōkyō Saiban, eigentlech: Internationaalt militärescht Geriicht fir de Wäiten Osten, 極東国際軍事裁判 Kyokutō Kokusai Gunji Saiban) si responsabel Persounen aus der Keeserlecher Arméi ugeklot gewiescht. Si sinn den 29. Abrëll 1946, um Gebuertsdag vum Keeser Showa (裕仁 Hirohito), ugeklot ginn. D'Verhandlungen hunn den 3. Mee 1946 ugefaangen an hu bis den 12. November 1948 gedauert.

Nr. Riichter Stat
1.Joseph B. Keenand'USA
2.Solis Horowitz-
3.Willis E. Mahoney-

D'Uklopunkten

[änneren | Quelltext änneren]
  1. Komplott géint de Weltfridden (Klogrënn 1 bis 36)
  2. Muerd (Klogrënn 37 bis 52)
  3. Krichsverbriechen a Verbrieche géint d'Mënschlechkeet (Klogrënn 53 bis 55)

Um Enn goufe 55 Uklopunkten an 10 Gruppen zesummegestallt. Zwéi Punkten, nämlech Verschwierung vu Japan, Italien an Däitschland ëm d'Weltherrschaft an d'Invasioun an Thailand si wéinst Feele vu Beweiser fale gelooss ginn.

Nr. Richter Staat
1.John P. HigginsUSA
2.I. M. ZarayanovSowjetunioun
3.Lord PatrickEngland
4.Henri BernardFrankräich
5.Bernard V. A. RölingHolland
6.Mei Ju-aoRepublik China
7.William.F.WebbAustralien
8.Harvey NorthcroftNeiséiland
9.Edward Stuart McDougallKanada
10.Radhabinod PalIndien
11.Delfin JaranillaPhilippinnen

Ugeklot an Urteeler

[änneren | Quelltext änneren]
Nr. Ugekloten Positioun Urteel
1.Hideki TojoGenerol; 1935, Chef vun der manchurescher Geheimpolizei; 1936, Beroder vum Büro fir manchuresch Affären; 1938, Vizekrichsminister; 1940, Krichsminister; 1941, PremierministerZum Doud verurteelt (gehaangen den 23. Dezember 1948)
2.Akira MutoGenerol; Arméikommandant a Sumatra; Chef iwwer d'Krichsgefaangelageren a SumatraZum Doud verurteelt (gehaangen den 23. Dezember 1948)
3.Seishiro ItagakiGenerolZum Doud verurteelt (gehaangen den 23. Dezember 1948)
4.Iwane MatsuiGenerolZum Doud verurteelt (gehaangen den 23. Dezember 1948)
5.Heitaro KimuraGenerolZum Doud verurteelt (gehaangen den 23. Dezember 1948)
6.Kenji DoiharaGenerol, Chef vun der Spionageafwier an der MandschureiZum Doud verurteelt (gehaangen den 23. Dezember 1948)
7.Koki HirotaMinisterpräsident, Ausseminister, Ambassadeur an der SowjetuniounZum Doud verurteelt (gehaangen den 23. Dezember 1948)
8.Osami NaganoAdmirolFräisproch wéinst dem Doud vum Beschëllegten
9.Kingoro HashimotoOberstliewenslaang Prisong (entlooss 1954)
10.Takasumi OkaVizeadmiralliewenslaang Prisong (entlooss 1954)
11.Kenryo SatoGenerolleutnantliewenslaang Prisong (entlooss 1956)
12.Jiro MinamiGenerol, Generalgouverneur vu Korealiewenslaang Prisong (entlooss 1954)
13.Shigetaro ShimadaAdmirol, Marineministerliewenslaang Prisong (entlooss 1955)
14.Shunroku HataGenerolfeldmarschallliewenslaang Prisong (entlooss 1954)
15.Sadao ArakiGenerol, Krichsministerliewenslaang Prisong (entlooss 1955)
16.Hiroshi OshimaGenerolleutnant, Ambassadeur an Däitschlandliewenslaang Prisong (entlooss 1955)
17.Yoshijiro UmezuGenerol, Kommandant vun der Kantonarmeeliewenslaang Prisong (-)
18.Naoki HoshinoKanzleidirektor vun der Mandschureiliewenslaang Prisong (entlooss 1955)
19.Kuniaki KoisoGenerol, Generalgouverneur vu Korea, Ministerpresidentliewenslaang Prisong (-)
20.Teiichi SuzukiGenerolleutnant, Chef vum (Planungsamt??)liewenslaang Prisong (entlooss 1955)
21.Kiichiro HiranumaMinisterpresidentliewenslaang Prisong (entlooss 1955)
22.Koichi KidoKeeserleche Sigelbeamten, Kulturminister, Sozialminister, Inneministerliewenslaang Prisong (entlooss 1955)
23.Okinori KayaFinanzministerliewenslaang Prisong (entlooss 1955)
24.Shigenori TogoAusseminister, Ambassadeur an der Sowjetunioun an an Däitschland20 Joer Prisong
25.Toshio ShiratoriAmbassadeur an Italienliewenslaang Prisong (-)
26.Mamoru ShigemitsuAusseminister, Ambassadeur an England7 Joer Prisong (entlooss 1950), geet an d'Politik a gëtt 1954 japaneschen Ausseminister
27.Shumei OkawaUltranationalist,Fräisproch wéinst psychiatresche Grënn, hie gouf psychiatresch internéiert an 1948 entlooss
28.Yosuke MatsuokaAusseminister, Vertrieder beim VëlkerbondFräisproch wéinst dem Doud (Tuberkulos) vum Beschëllegten um Ufank vum Prozess

Als Urteel ass d'majoritär Meenung vun de Riichter aus den USA, England, der Sowjetunioun, der Republik China, Kanada an Neiséiland ugeholl ginn. D'Riichter aus Holland, Frankräich, Indien, de Philippinnen an Australien hunn hir minoritär Meenungen eenzel publizéiert. Besonnesch de Fräisproch vum Riichter Radhabinod Pal ass opgefall. Déi zum Doud Verurteelt sinn den 23. Dezember, um Gebuertsdag vum Prënz Akihito (de Keeser vun haut) higeriicht ginn.

Literatur zum Theema

[änneren | Quelltext änneren]
  • Brackman, Arnold C.: The Other Nuremberg. The Untold Story ot the Tokyo War Crime Trials, Collins, London, 1989
  • Pal, Radhabinod: -International Military Tribunal For The Far East- Dissendent Judgement Of Justice Pal., Kokusho Kankoukai Inc., Tokyo 1999, ISBN 4-336-04110-5
  • Minear, Richard R.: Victors' Justice: The Tokyo War Crimes Trial (Michigan Classics in Japanese Studies), University of Michigan, 2001, ISBN 1-929280-06-8
 Commons: Krichsverbriecherprozesser vun Tokio – Biller, Videoen oder Audiodateien