Op den Inhalt sprangen

Krick (Geschier)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Geschier. Fir d'Sängerin, kuckt wgl. Krick (Sängerin).
E roude Krick ënnert engem Trakter.

E Krick oder Cric ass en Hiefgeschier, fir e Gefier op enger bestëmmter Plaz liicht an d'Luucht ze hiewen, fir sou kënne Reparaturen oder Ënnerhalt op Plazen ze maachen, un déi ee soss schwéier kéim.

Am dackste gëtt e Krick gebraucht, fir e Rad ze wiesselen, sief et, well een e Platten huet, sief et, fir Rieder mat Summerpneuen a Wanterpneuen ënnereneen ze tauschen.

Et gëtt verschidden Techniken, wéi e Krick funktionéiert; e kann hydraulesch, pneumatesch oder mechanesch sinn. Am gängegsten ass déi, bei där mat enger Kierb duerch Hiewelwierkung e rautefërmegen oder hallefrautefërmege Kader, duerch deen eng Gewënnstaang féiert, zesummegezu gëtt, an esou de Won no uewe gedréckt gëtt.