Krick (Sängerin)
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Sängerin. Fir d'Geschier, mat deem een en Auto an d'Luucht hieft, kuckt wgl. Krick (Geschier). |
| Krick | |
|---|---|
| Gebuertsnumm | Christine Heitz |
| Gebuer | 1997 |
| Aktivitéit | Sängerin, Infirmière |
| Member vun | Northern Big Band, Roundabout |
| Websäit | https://www.krick-music.com/ |
|
| |
D'Krick, gebuer 1997[1], mat richtegem Numm Christine Heitz, ass eng lëtzebuergesch Sängerin.
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Éischt musikalesch Schrëtt an The Voice
[änneren | Quelltext änneren]Der Christine Heitz hir Eltere ware schonn an enger Museksgrupp, déi däitsch traditionell Musek gespillt huet. 2012 ass si Sängerin an der Schülerband Roundabout ginn an 2014 huet si mat engem Kolleeg d'akustesch Coverband Daydreamer gegrënnt[2]. Am selwechte Joer huet si ugefaangen mat der Northern Big Band vun Useldeng opzetrieden. 2017 ass si wéinst hirer Participatioun bei der siwenter Staffel vun der däitscher Castingshow The Voice of Germany engem gréissere Public bekannt ginn. Do huet si et bis an déi drëtt Phas, déi "Sing Off" genannt gouf, gepackt.[3]
D'Joer drop huet si eng Solo-Karriär ënner dem Numm "Krick" ugefaangen an als éischt Single den Titel Fake Cake verëffentlecht, dee vum Jimmy Braun, dem Sänger vun der Band Austinn, geschriwwe gouf. Dofir gouf och vum Cédric Letsch zesumme mat der Amii Watson e Clip zu Beggen gedréint.[4]
2020 war si Gaaschtsängerin um Titel Heart Shape Sock vun der lëtzebuergescher Pop-Rock-Band Cheak!, dee vum Vasco Ramos a vum Tom Gatti produzéiert gouf a fir dat erëm de Cédric Letsch e Museksvideo gedréint huet. Zwee Joer méi spéit koum dunn hir Single Sometimes eraus. Béid Lidder hate kee gréisseren Erfolleg.
Participatioun um Luxembourg Song Contest
[änneren | Quelltext änneren]Gréisser Opmierksamkeet krut si erëm am Januar 2024, wéi si eng vun de Finalistinne vun der éischter Versioun vum Luxembourg Song Contest war.[5] Do koum si mat hirem Bäitrag Drowning in the Rain, dee vun der norwegescher Sängerin Elsie Bay an de schweedesche Songwriteren Tom Oehler an Andreas Stone geschriwwe gouf, op déi zweet Plaz. Eleng op Spotify gouf d'Lidd iwwer 700.000 gelauschtert.
Am Juli 2024 war si den Opener vum englesche Sänger Calum Scott sengem Concert am Kulturzentrum Neimënster.[6]
Debütalbum
[änneren | Quelltext änneren]D'Krick gouf 2025 vun DWB Publishing ënner Vertrag geholl. Am selwechte Joer huet si eng Rei Singelen erausbruecht, dorënner My Way a Believer.[7][8] Hiren Debütalbum The First Chapter gëtt den 13. Dezember 2025 mat engem Concert am Club vun der Rockhal verëffentlecht.[9]
D'Christine Heitz huet haaptberufflech als Infirmière geschafft a wunnt zu Mäerzeg.[10] Zanterhier schafft si vollzäit als Sängerin.
Diskografie
[änneren | Quelltext änneren]Album
[änneren | Quelltext änneren]- 2025: The First Chapter
Singelen
[änneren | Quelltext änneren]- 2018: Fake Cake
- 2020: Heart Shape Sock (mat Cheak!)
- 2022: Sometimes
- 2024: Drowning in the Rain
- 2025: My Way
- 2025: Way Too Busy
- 2025: Superman
- 2025: Believer
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ nbb.lu: Vocalist (net datéiert)
- ↑ rtl.lu: Luxembourg's Green Room: Episode 6 - Mashed potato is cancelled (Januar 2024)
- ↑ lessentiel.lu: Luxemburgerin steht kurz vor dem Halbfinale vum Christine Biadacz (5. Dezember 2017)
- ↑ vacarm.net: Krick : premier clip avec « Fake Cake » vum Natalie (27. Juli 2028)
- ↑ Krick lässt ihren Emotionen freien Lauf vum Sebastian Weisbrodt (20. Januar 2024)
- ↑ atelier.lu: July 09, 2024 Pop, Singer-Songwriter Calum Scott
- ↑ (en) Krick teases bold new single My Way. rtl.lu (Today Radio) (6. Mee 2025). Gekuckt den 21. November 2025.
- ↑ (en) Krick continues run to album release with new single Believer. rtl.lu (Today Radio) (17. Oktober 2025). Gekuckt den 21. November 2025.
- ↑ (en) Sat 13 Dec 2025 - KRICK "The First Chapter" Album Release Show. rockhal.lu. Gekuckt den 21. November 2025.
- ↑ virgule.lu: Krick, l’infirmière qui chantait dans son berceau vum Christophe Nadin (26. Januar 2024)
