Cédric Letsch

Vu Wikipedia
Cédric Letsch
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fotograf, Kameramann, Regisseur

De Cédric Letsch ass e lëtzebuergesche Fotograf, Kameramann a Regisseur vu Museksvideoen.

Hien huet eng Rei Videoclippe fir Lëtzebuerger Bands wéi The Jacob Conspiracy (akustesche Lifevideo fir Turn the Page; The Good and the Harm), Porn Queen (Killer Machine) an Austinn (Answer Your Phone; Galaxy; Rule The World; Olivia; Just for You) gedréint. Och fir de leschte Video vun Angel at My Table (Embers) an den Debütvideo vun der Popsängerin Gezza (Fall in Love) war hie verantwortlech. Donieft dréint hien awer och Videoe fir aner Kënschtler.

Bei der fënnefter Editioun vun de Video Clip Awards am November 2017 ass de Cedric Letsch fir säi Video fir d'Lidd Olivia vun Austinn mam stART-up Award als beschte jonke Regisseur ausgezeechent ginn.[1],[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. rtl.lu: „Paprika“ vun "No Metal in this Battle" huet gewonnen (23. November 2017)
  2. musiclx.lu: VCA Awards - And the winners are… (gekuckt den 19. Mee 2018)