Kuelegrouf vu Blegny

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Eng Gallery an der Grouf vu Blegny

D'Kuelegrouf vu Blegny (fr:Blegny-Mine a virdru Charbonnage d'Argenteau-Trembleur) ass eng fréier Kuelegrouf an der Gemeng Blegny an der belscher Provënz Léck. Den Numm Charbonnage d'Argenteau-Trembleur kënnt dohier well déi éischt Konzessiounen op den deemolege Gemengen Argenteau an Trembleur louchen.

Se läit matzen an der Gewan am Norde vu Blegny um Ufank vum Plateau de Herve op enger Héicht vun 150 Meter.

Obschonn do an der Géigend den Anthrazit net ganz déif am Buedem louch, a souguer op der Uewerfläch ze fanne fanne war, ass Blegny mat 530 Meter eng relativ déif Grouf. Se hat zwéi grouss Fërderpëtzer, een aus dem 19. an een aus dem 20. Joerhonnert deen haut nach bis op eng Déift vu 60 m op ass a besicht ka ginn. Den Anthrazit gouf an Oderen déi 30 cm bis 1 m déck waren a meeschtens schif zur Horizontaler stoungen, ofgebaut.

Déi zwéi Pëtze sti bis op eng Déift vun 170 m ënner Waasser a sinn do mat engem Bëtongsstopp versigelt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Exploitatioune vun der Kuel an der Géigend vu Blegny hunn am Ufank vum 15. Joerhonnert mat de Patere vun der Abtei Val-Dieu ugefaangen déi do d'Proprietäre vun den Terraine waren.

1779[1] krut de Gaspard Corbesier déi éischt Konzessioun fir Kuelen an der Géigend ofzebauen. Dat war den Ufank vun der industrieller Exploitatioun op där Plaz. Seng Nokommen hunn d'Nopeschkonzessioun Argenteau opkaaft, sou datt 879,40 ha zesummekoumen, déi 1883 an enger Gesellschaft zesummegefaast goufen. Déi Gesellschaft huet bis 1887 geschafft an huet dunn d'Dieren zougemaach. D'Ursaach dofir waren haaptsächlech déi praktesch inexistent Transportmëttelen. Duerno war et 30 Joer roueg op der Gewan vun Trembleur an Argenteau mä wéi bis d'Vizinalbunn vu Léck iwwer Blegny an d'Fourons gefuer ass, war dee Problem aus de Féiss. Sou konnt eng nei Gesellschaft d'S.A. des Charbonnages d'Argenteau déi 1919 gegrënnt gouf, hir Kuele bis op Léck op d'Meuse bréngen, fir se do ze verschëffen oder op enger vun de Garen an deene se d'Staatsbunn begéint huet op dat grousst Eisebunnsnetz ëmzelueden. Bei där ass d'Produktioun och dunn zimmlech séier an d'Luucht gaangen, an hat 1931 scho 84.000 Tonnen am Joer erreecht an d'Konzessiounsfläch war bis 1946 op 964,9087 ha eropgaangen.

Am Zweete Weltkrich goufen d'Wäscherei an de Pëtz N°1 zerstéiert. Den Ofbau ass dunn am Ralenti iwwer den zweete Pëtz Puits-Marie weidergelaf. Tëscht 1942 an 1948 goufen de Pëtz 1, d'Wäscherei an d'Sënnerei nees opgeriicht an d'Produktioun ass permanent an d'Luucht gaangen fir 1970 en Héchstpunkt vun 232.000 Tonnen z'erreechen, bei ± 680 Beschäftegten.

1975 huet de Comité ministériel de coordination économique et sociale decidéiert datt déi wallounesch Grouwe kee Subsid vum Staat méi sollte kréien. Déi lescht Lécker Grouwen maachen eng noraner Dieren zou an Argenteau-Trembleur huet den traurege Privileg fir déi lescht ze sinn déi ophält. Den 31. Mäerz 1980 ass de leschte Buggi aus dem Schacht gefuer.

Pëtzer[änneren | Quelltext änneren]

Den Deckel vum Pëtz 209001 (Bure de la Prairie)

An der direkter Ëmgéigend vun der Grouf gouf et am Ganzen 91 bekannt Pëtzer. E ganze Koup vun deene Pëtzer ware just ënnerierdesch Verbindungspëtzer. Se waren op de Pläng vun 209001 bis 209091 numeréiert. Hei hannen dru si just déi bekanntst opgezielt vun deenen der en etlech bis iwwer Dag koumen an haut um Terrain mat hirem Numero erëmzefanne sinn:

  1. de Pëtz Bure des Trois Frères (N° 209008), zu Trembleur
  2. de Pëtz Bure Urbain (N° 209009) zu Saint-Remy
  3. de Pëtz Bure Saint-Michel (N° 209010)
  4. de Pëtz Bure des Gattes (N° 209082)
  5. de Pëtz Marie l'Espérance (N° 209065) den éischten idustrielle Pëtz vun der Grouf. Déi éischt 60 m goufe, vun 1849 un, mat der Hand gegrouwen an zum Schluss war de Pëtz 236 m déif. D'Installatiounen iwwer dem Buedem sinn nach intakt a kënne besicht ginn.
  6. de Pëtz 1 (N° 209064) haut nach deen eenzege Pëtz an der Belsch bei deem de Fërdertuerm nach funktionnéiert. Seng Cage geet nach bis op 30 m Déift fir Besichtegunge vun de Galerien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Dësen Datum fënnt een op Internetsäiten an am Musée zu Blegny. Déi éischt bekannt Konzessiounsdokumenter stamen allerdéngs eréischt vun 1848.