Op den Inhalt sprangen

Kura

Vu Wikipedia
Kura
Längt 1.360 km
Debit 443 m³/s
Fläch vum Anzuchsgebitt 188.000 km²
Leeft an Kaspescht Mier
D'Kura bei Likani am Klenge Kaukasus, Georgien
(faarweg Foto vum Prokudin-Gorski, ëm 1915)

D'Kura (Tierkesch), Mtkvari (Georgesch; მტკვარი,) oder Kür (Azeri) ass e Floss, deen an Ost-Anatolien an der Tierkei entspréngt an dann duerch Georgien an duerch den Aserbaidjan leeft, wou en an d'Kaspescht Mier fléisst. Mat enger Längt vu 1.530 km ass et dee wichtegste Floss am Süd-Kaukasus.

A Georgie leeft en duerch d'Haaptstad Tbilisi. Den Niewefloss Alazani leeft op der Grenz mat Aserbaidjan dran. Do gëtt en am Stauséi vu Mingəçevir deen 1953 ugeluecht gouf, gestaut. Vu Mingəçevir u leeft en an der Kura-Arasebene. Just ier d'Kür an d'Kaspescht Mier leeft, kënnt nach hire gréissten Niewefloss d'Aras, dobäi.

 Commons: Kura – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]