Länner a Stied aus Middle-earth

Vu Wikipedia

An der Fantasy-Welt Middle-earth vum J. R. R. Tolkien, déi hien a verschiddene Romaner beschreift, hu vill fiktiv Plazen eng besonnesch an dacks mythesch Bedeitung.

Middle-earth ass e Kontinent op Arda (der Äerd), an eng vun den Handlungsplaze vun de Romaner The Hobbit: or There and Back Again, The Lord of the Rings an The Silmarillion.

Arda[änneren | Quelltext änneren]

Arda ass den elbeschen Numm fir d'ganz Welt. Dat ass Quenya a bedeit d'Räich. Meeschents gëtt vum Kinnekräich Arda geschwat, wann et ëm d'Räich vum Manwe geet. Hie war de mächtegste Valar nodeem de Melkor verbannt gi war. Middle-earth a Valinor sinn zwéi vun de Kontinenter vun der Arda.

Am Ufank war Arda nëmmen e Gesiit, eng Iddi am Geescht vum llúvatar an eréischt d'Musek vun den Ainur huet Arda an der Wierklechkeet geschaf, allerdéngs als Réiform. E puer vun den Ainur hunn den Illúvatar gefrot, ob si op Arda kéinte goen, fir si sou ze formen, wéi si et am Illúvatar sengem Gesiit gesinn haten. Dës Ainur waren d'Valar (mat méi Muecht) an d'Maiar (mat manner Muecht). D'Valar hu sech op der Insel Almaren an der Mëtt vun engem riisegen Urkontinent néiergelooss. Dat éischt Liicht fir Arda koum aus den zwou Luuchten Illuin an Ormal, déi d'Valar op zwéi grousse Péil am Norden an am Süden opgestallt haten. Si goufen awer relativ séier vum Melkor, dee sech vun den aneren Ainur ecartéiert hat a seng eege Festung Utumno an d'gewalteg Eisebierger geschloen hat, zerstéiert. D'Péil sinn ëmgefall an hunn d'Land a verschidde Kontinenter zerschloen, ënner anerem Aman a Middle-earth. Wärend Aman vum Liicht vun den zwéi Beem vu Valinor beliicht gouf, si Middle-earth an déi aner Kontinenter däischter bliwwen, bis zum Opgank vu Sonn a Mound, déi aus de Friichte vun de Beem (no der Zerstéierung duerch de Melkor) geschaf gi waren.

Um Enn vum zweeten Zäitalter an der Geschicht vu Middle-earth ännert sech d'Beschafenheet vun Arda: Wärend et virdrun eng Scheif war, gouf et elo mam Ënnergang vun Númenor an dem Réckele vu Valinor zu enger Kugel. Dofir waren am drëtten Zäitalter all Weeër "kromm", ausser dem "riite Wee", deen op Valinor gefouert huet.

Aman[änneren | Quelltext änneren]

Aman ass de westlechste Kontinent vun Arda a Wunnuert vun de Valar an de meeschte Maiar.

De Kontinent gouf duerch verschidden Zauber a geographesch Begrenzungen (virun allem am Oste vun Aman) wéi d'Biergerkette Pelóri oder d'Mier vun de Schied virum Melkor geschützt. D'Pelóri goufen an de spéideren Zäitaltere weider opgetiermt, an d'Valar hunn déi sougenannt Verwonschen Inselen ugeluecht. No dem Ënnergang vu Beleriand war Belegaer, d'Mier, méi breet, an d'Helcaraxe, d'Verbindung tëscht Aman a Middle-earth, verschwonnen. No der Ëmformung vun Arda vun enger Scheif zu enger Kugel um Enn vum zweeten Zäitalter gouf Aman der Welt entréckt a war nëmmen nach iwwer de "Riite Wee" duerch d'Schwaneschëffer vun den Elben z'erreechen.

Den héchste Bierg vun Aman war den Taniquetil, ongeféier op hallwem Wee vun de Pelóri vun Norden no Süden. Vu senger Spëtzt aus hunn de Manwe an d'Varda iwwer ganz Arda gesinn. Den héchste Bierg südlech vum Taniquetil war den Hyarmentir. An der Géigend vun der Spëtzt huet den Ungolianth an enger Schlucht gelieft.

Valmar[änneren | Quelltext änneren]

Valmar oder Valimar war d'Haaptstad vu Valinor a wuel zugläich déi eenzeg Stad vun de Valar. Si war riiseg a prunkvoll. Virun den Diere vun der Stad louch den Hiwwel Ezellohar, op deem duerch dem Yavanna säi Gesang déi zwéi Beem vum Liicht gewuess sinn. D'Valar hu si Laurelin an Telperion genannt. D'Varda huet hir Friichten a Kiwwelen opgefaangen, an doraus d'Stäre geschaf. No beim Hiwwel war Máhanaxar, de Rank vum Schicksal, den d'Valar als Versammlungsplaz a Geriichtshaff benotzt hunn.

Valmar war net déi eenzeg Gehausung vun de Valar, och wann et déi eenzeg Stad war. Ganz am Westen, um Randmier Ekkaia, virun den Diere vun der Nuecht waren d'Hale vum Mandos, wouhin all d'Bewunner vu Middle-earth no hirem Doud hikomm sinn. No dobäi waren d'Hale vun Nienna, d'Bëscher vum Orome louche südlech vu Valmar, westlech dovun d'Wise vum Yavanna. An de Gäert vu Lorien op enger Insel am Séi Lorellin hunn den Irmo an d'Este gelieft, souwéi de Maiar Olórin, dee spéider Gandalf genannt gouf.

Elbestied[änneren | Quelltext änneren]

Et war den Elben virbehalen, nieft de Valar zu Aman ze wunnen. D'Insel Tol Eressea, op där déi éischt Elben no Aman verschëfft goufen, gouf vum Osse an der Bucht vun Eldamar befestegt. Um Enn vum éischten Zäitalter, nom Ënnergang vu Beleriand, hunn d'elbesch Flüchtlingen aus dem versonkenen Deel vu Middle-earth do d'Stad Avallóne gebaut.

D'Teleri hunn de Schwanenhafen Alqualonde un der Küst vun der Bucht vun Eldamar gebaut, um ëstlechen Enn vum Calacirya. De Calacirya war den eenzege Sputt an de Pelóri an domat den eenzege Wee fir an d'Banneland ze kommen. Duerch de Pass huet d'Liicht vun den zwéi Beem op Alqualonde geschéngt.

Genee an der Mëtt vum Calacirya louch Tirion, eng Stad vun den Noldor um Hiwwel Túna. An hirem Zentrum stoung den Tuerm Mindon Eldaliéva, dat héchst Bauwierk vun den Elben zu Aman.

Beleriand[änneren | Quelltext änneren]

(Am Zäitalter vun de Beem an am éischten Zäitalter vun der Sonn)

Zu Beleriand spillt sech d'Geschicht vun den Elben am Éischten Zäitalter of. Nodeem de Feanor an d'Noldor wéinst hirem schreckleche Schwur aus dem Segensräich Valinor verbannt gi waren, hu si mam Elbevollek vun de Sindar géint d'Kreature vum Morgoth an de fënnef grousse Schluechte vu Beleriand gekämpft, bis d'Valar hinnen an dem War of Wrath zur Hëllef komm sinn, an de Morgoth fir ëmmer an d'Näischt verbannt gouf.

Beleriand war de westlechen Deel vum Kontinent Middle-earth, e riisegt Land zu béide Säite vum Floss Sirion, wat vum Mier Belegaer am Westen a Süden a vun de Bierger vun Ered Luin am Osten an Ered Wethrin an Ered Gorgoroth am Norde begrenzt gouf. Den Numm Beleriand soll ursprénglech „Land vu Balar“ bedeit hunn an nëmme fir d'Land ronderëm d'Sirionmëndung benotzt gi sinn. Spéider huet een dat ganzt Land südlech vun den Ered Wethrin a westlech vun den Ered Luin, mat Dorthonion an Nevrast sou genannt. De Floss Sirion huet d'Land an Ost- a West-Beleriand gedeelt. Hei hu sech d'Elben néiergelooss, déi dem Valar Orome um Ufank vum Éischten Zäitalter zwar no Weste gefollegt waren, Middle-earth awer net a Richtung Aman verloosse wollten. Aus dësen Elbe goufen d'Sindar. Spéider koumen d'Elbestämm vun de Laiquendi an den Noldor dobäi.

Déi laang Hiwwelkette vun Andram huet de wéineg bevëlkerte Süde vum Norde getrennt, wou sech d'Fürste vun Noldor néiergelooss hunn. Am Zentrum vu Beleriand louchen d'Räicher vun Doriath an Nargothrond. Nërdlech vun de Bierger vun Ered Wethrin an Ered Gorgoroth huet sech de Plateau vun Ard-Galen (Gréng Géigend) geschloss, deen no der Verbrennung an der Schluecht vum Feier Anfauglith (Den erstéckende Stëbs) genannt gouf. hannendru louchen d'Eisebierger wou sech de Morgoth seng zweet Festung Angband ageriicht hat.

Et koumen nëmme wéineg Mënschen op Beleriand, am Ufank nëmmen déi aus den dräi Haiser vun den Edain. Verschiddener sinn an den Déngscht vun den Elbe getrueden, verschiddener hu sech zu Estolad (Sindarin: D'Lager) néiergeloss, anerer am Bësch vu Brethil (d'Haladin) a vill si weiter an d'Nërdlech Länner gezunn, wou si als Alliéiert géint de Morgoth immens wëllkomm waren.

Bei den Erschütterunge vun der Welt duerch de War of Wrath ass Beleriand am Mier ënnergaangen, nëmmen ee Stéck ass iwwereg bliwwen: d'Ered Luin (d'Grenz op Eriador) an en Deel ëstlech dovun: Ossiriand, wat als Lindon bekannt gouf a wou sech de Gil-galad an d'Círdan néiergelooss hunn. Déi meescht aner Elbe vun den Noldor- a Sindarstämm sinn definitiv op Aman gaangen, wou d'Noldor elo, no der Vernichtung vun de Silmaril, trotz dem Schwur vum Feanors nees wëllkomm waren. Den treien Edain gouf Númenor geschenkt. Domat goung d'Éischt Zäitalter op en Enn.

Beleriand war fir d'Menschen an Hobbits am Drëtten Zäitalter e Räich vu Soen a Legenden. Nëmmen e puer Elben, wéi d'Galadriel, den Elrond oder d'Círdan, haten hei gelieft.

Angband[änneren | Quelltext änneren]

Am Norde vu Beleriand hunn d'Ered Engrin (Eisebierger) d'Grenz tëscht de bewunnbare Länner an de Géigende vun éiweger Keelt gemaach. D'Eisebierger waren en Iwwerrescht aus der Zäit vun den Zwou Luuchten (kuckt Arda). Schonn dem Morgoth seng éischt Festung Utumno war an dësem Zäitalter an den Ered Engrin. Säin zweete Wunnsëtz Angband hate seng Dénger déif an d'Bierger eragegruewen. Aus dem Schutt deen dobäi entstanen ass, hu si d'Bierggrupp Thangorodrim iwwer de südlechen Diere vun der Festung opgetiermt. Dës Bierger konnt ee bis wäit iwwer de Plateau vun Ard-Galen/Anfauglith gesinn. Zu Angband hat de Morgoth d'Silmaril a senger Kroun aus Eise verstoppt. De Beren an d'Lúthien waren déi eenzeg Bewunner vu Beleriand, déi bis an déi déifst Hal vun der Festung, wou de Morgoth suz, virgedronge waren, ee Silmaril klauen an Angband nees verloosse konnten.

Doriath[änneren | Quelltext änneren]

Doriath war e grousst Sindar-Kinnekräich am Zentrum vu Beleriand. Et gouf fréi, nach virum Éischten Zäitalter vun der Sonn, vum Elb Thingol an der Maia Melian um Land opgeriicht, dat virdrun Eglador geheescht hat. No der éischter Schluecht an de Kricher vu Beleriand huet d'Melian de sougenannte Rimm vum Melian gesponnen, fir d'Gebidder Neldoreth, Region an Nivrim (d'Banneland vun Doriath) ze schützen. Den Thingol huet och Usproch op Länner baussent dem Rimm erhuewen, zum Beispill Brethil an Dimbar.

D'Haaptstad vum Räich an de Wunnsëtz vum Thingol a Melian war den ënnerirdeschen Höhlesystem Menegroth, deen d'Zwergen aus Belegost fir d'Elbe gebaut haten. Géintiwwer vun den Diere stoung d'Bich Hírilorn, an där d'Lúthien, d'Duechter vum Thingols, gewunnt huet.

Wärend den Thingol dem Haus Finarfin an den Zwerge frëndlech gesënnt war, huet hien dem Haus Feanor an de Mënschen ënnersot, Doriath ze betrieden, an nodeem hien d'wierklech Geschicht vum Zeréckkomme vun den Noldor wousst, huet hien och de Gebraucht vu Quenya a sengem Räich ënnersot.

Geschützt vun der Muecht vum Melian an der Virsiicht vum Thingol, war Doriath net an d'grouss Schluechte vun de Kricher vu Beleriand verwéckelt, och wa seng Grenze vum Beleg a senge Grenzwaache verdeedegt goufen. Um Enn gouf Doriath awer nach an de Fluch vun den Noldor mat eragezunn, well den Thingol hat ee Silmaril als Brautpräis fir seng Duechter Lúthien verlaangt. Och wéinst dësem Bijou gouf den Thingol zu Menegroth vun den Zwergen erschloen. No sengem Doud huet d'Melian Middle-earth verlooss an de Bannrimm ronderëm Doriath gouf opgehuewen. Wéi den Dior, dem Thingol säin Enkel, vun de Jonge vum Feanor erschloe gouf, sinn d'Elben aus Doriath fortgezunn; d'Iwwerliewend sinn un d'Mëndung vum Sirion geplënnert.

Gondolin[änneren | Quelltext änneren]

Gondolin (Sindarin: Verstoppte Fiels) war eng Elbestad a Beleriand, déi den Noldorkinnek Turgon gegrënnt hat, an hie war Herrscher dovun.

Si louch verstoppt am Dall vun Tumladen an huet hellwäiss geliicht. Et koum een nëmmen iwwer e Geheimgank dohin, deen am dréchene Flossbett ugefaangen huet, an duerch siwen Diere goung, eng méi bewaacht wéi déi aner an all Dier war aus engem anere Material.

Zu gudder Lescht waren d'Schutzmoossnamen awer net genuch. Duerch de Verrot vum Maeglin huet den däischteren Herrscher Morgoth d'Geheimnis vun der Lag vun der Stad, déi hie laang gesicht hat, erausfonnt. Doropshi gouf Gondolin vun enger Arméi vum Morgoth, an där net nëmmen Orks, mä och Draachen a Balrogs gekämpft hunn, zerstéiert, an de Kinnek Turgon, den Dréier vum Schwäert Glamdring, wat spéider de Gandalf gedroen huet, ëmbruecht. Dem Turgon seng Duechter Idril konnt mat hirem Mann Tuor an hirem Bouf Earendil duerch e geheimen Tunnel flüchten.

Hithlum[änneren | Quelltext änneren]

Hithlum (Sindarin: Niwwelschied) war e Gebitt nërdlech vu Beleriand, am Weste begrenzt vun den Ered Lómin an am Osten a Süde vun den Ered Wethrin. Seng Südhalschent gouf duerch Bierger vu Mithrim an d'Gebidder Dorlómin (am Westen) a Mithrim mam Mithrim-Séi (am Osten) gedeelt. Hithlum war e kalen awer schéine Plateau. Fir d'éischt nëmme vu vereenzelte Sindar bewunnt gouf et, wéi d'Noldor op Middle-earth zeréckkomm sinn, vu Fingolfin a Fingon als Wunnsëtz geholl. a spéider hu sech och d'Edain (Mënschen) aus dem Haus Hador hei néiergelooss.

Nargothrond[änneren | Quelltext änneren]

Nargothrond war den Numm vum Noldor-Kinnekräich vum Finrod Felagund a West-Beleriand an der grousser ënnerirdescher Festung um Floss Narog, d'Haaptbuerg an de Palais. Déi zwou Höhlen an der Hiwwelkette vun Andram, déi et schonn gouf, goufe dir de Finrod vun den Zwergen ausgebaut, déi him doropshin den Numm Felagund ("Höhleschläifer") ginn hunn. D'Festung war där vu Menegroth an Doriath noempfond. Spéider huet den Túrin eng breet Bréck iwwer den Narog baue gelooss, déi den Elben d'Iwwerquere vum Floss an domat d'Verloosse vun den Höhlen erliichert huet. Allerdéngs huet des Bréck et och dem Draach Glaurung erméiglecht, an Nargothrond eranzekommen, an d'Stad mat hire Schätz z'erueweren.

Tol Sirion[änneren | Quelltext änneren]

Tol Sirion (Quenya: tol i síre, tol sirion „Insel vum Floss“) war eng Insel am Floss Sirion, un der enkster Plaz vum Sirion-Pass tëscht den Ered Wethrin an den Ëmzingelte Bierger wou Gondolin louch. Do huet den Noldorfürst Finrod d'Festung Minas Tirith (net ze verwiessle mat der Haaptstad vu Gondor am Drëtten Zäitalter) baue gelooss, déi e vu sengem Brudder Orodreth bewaache gelooss huet, nodeem hien Nargothrond erbaut hat, fir d'Hannerland vun den Horde vum Morgoth ze schützen. Zwee Joer no der Véierter Schluecht vu Beleriand, Dagor Bragollach, gouf d'Festung vum Sauron ageholl; si huet elo Tol-in-Gaurhoth (Sindarin: Insel vun de Werwëllef) geheescht. Vu sengem Tuerm aus konnt de Sauron de ganzen Dall vum Sirion iwwerwaachen. Sou huet hien de Finrod, de Beren an hir Begleeder gefaange geholl, wéi dës de Silmaril aus Angband klaue wollten, an ugefaangen, si u seng Werwëllef ze fidderen, bis d'Lúthien him mam groussen Hond Huan an hire mauerbriechende Gesäng zéng Joer méi spéit op de Pelz geréckelt ass. Dobäi gouf de Werwollef Draugluin, en Dénger vum Sauron, ëmbruecht an de Sauron verjot. Nieft de Ruinen, op engem klenge gréngen Hiwwel, hu si de Kinnek Finrod Felagund begruewen, deen am Kampf gefall war. Bis Beleriand um Enn vum Éischten Zäitalter ënnergaangen ass, huet d'Insel nees Tol Sirion geheescht.

Zwergebehausungen[änneren | Quelltext änneren]

Am Silmarillion geet riets vun zwou Zwergestied an den Ered Luin (Blo Bierger) an Ost-Beleriand. Si heesche Belegost an Norgrod. Déi zwou Stied spillen am Bezug op d'Geschichte keng grouss Roll. Si goufe mam Ënnergang vu Beleriand zerstéiert, an d'Zwerge sinn an d'nei Regioune vun den Ered Luin geplënnert, vill sinn och op Moria gaangen.

Númenor[änneren | Quelltext änneren]

(Am Zweeten Zäitalter vun der Sonn)

Númenor war eng grouss stärefërmeg Insel, vun de Mënschen als Westernesse bezeechent, déi vun den Edain (Mënschen) nom Enn vum Zweeten Zäitalter vun de Valar als Wunnsëtz kruten. Andor, sou den ursprénglechen Numm vun Númenor, gouf no der War of Wrath an der Mëtt vum Belegaer, dem grousse Mier, ugeluecht, a louch e bësse méi no un Aman wéi u Middle-earth. Dohier den Numm Westernesse. D'Insel ass um Enn vum Zweeten Zäitalter am Mier ënnergaangen, nodeem d'Númenórer aus Näid op d'Onstierflechkeet vun den Eldar (Elben) ëmmer méi houfreg goufen an Zougang op Valinor beusprocht hunn, deen hinnen duerch e Bann vun de Valar verbuede war. Dozou muss ee soen, datt den éischte Kinnek vun Númenor, den Elros, wéi säi Brudder Elrond en Hallefelb war an sech, anescht wéi den Elrond, fir e stierflecht Liewen entscheet hat, wat anerer net verstanen hunn.

Am Zentrum vun der Insel louch de Bierg Meneltarma, dee wuel e Vulkan war. U sengem südëstlechste Fouss louch d'Haaptstad Armenelos. Do gouf et eng Zitadelle, wou e Keim vum Wäisse Bam vum Valinor gewuess ass, wéi en och spéider an der gondorianescher Stad Minas Tirith geplanzt gouf. Númenor hat vill Häfen, vun deenen déi gréisst den Andunië an den Eldalonde am Weste souwéi de Rómenna am Oste vun der Insel waren.

De Sauron, vum mächtegen Númenor gefaangegeholl, huet de leschte Kinnek Ar-Pharazôn dozou bruecht, sech am Krich géint d'Valar z'erhiewen. Wéi dat awer geschitt ass, hunn dës hir Herrschaft iwwer Arda néiergeluecht an d'Schicksal vun den Edain am Ilúvatar seng Hänn geluecht. Dësen huet doropshin de Bau vun der Welt verännert: E Rass ass am Mier opgetrueden, deen Númenor an d'Flotte geschléckt huet. Nëmmen déi Númenorer, déi sech zu dëser Zäit zu Middle-earth oder um Wee dohi fonnt hunn, hunn ënner der Féierung vum Elendil iwwerlieft. Si waren d'Dúnedain an hunn d'Räicher vun Arnor a Gondor gegrënnt. Ëm honnert Joer nom Ënnergang vun Númenor huet eng Arméi vun Elben a Mënschen an der Schluecht vun Dagorlad géint eng gewalteg Arméi vum Sauron gekämpft, wou den donkelen Herrscher vernicht gouf. Domat huet d'Zweet Zäitalter opgehalen.

Vun Númenor gouf spéider als Atalantë (Quenya), Akallabêth (Adûnaesch), Mar-nu-Falmar, „dem Land ënner de Welle“ geschwat.

Middle-earth[änneren | Quelltext änneren]

(Am Zweeten an Drëtten Zäitalter vun der Sonn) All Plazen tëscht dem banneschte Mier am Osten am dem grousse Mier Belegaer am Weste goufen als Middle-earth bezeechent. Middle-earth, och Endor genannt, war de gréisste Kontinent op Arda. Och Beleriand war am Éischten Zäitalter en Deel vun Endor.

Middle-earth ass déi Regioun aus dem Tolkien senger Welt déi am meeschte bekannt a beschriwwen ass, an ass d'Handlungsplaz vun de Romaner The Hobbit: or There and Back Again an The Lord of the Rings, och wann den Tolkien nëmmen e klenge, westlechen Deel vum Kontinent beschriwwen huet, an de Rescht onbekannt bliwwen ass.

De bekannten Deel vu Middle-earth gouf am Drëtten Zäitalter, dem Zäitalter vum Rankkrich, virun allem vun de Mënscheräicher Gondor an Arnor a spéider och vun der Riddermark (Rohan) dominéiert. D'Elberäicher, déi nach zu der Zäit vu Beleriand e Groussdeel vun der Landmass ausgemaach hunn, waren am Drëtten Zäitalter kaum méi wéi kleng Bëschgebidder oder Däller wéi Lórien, Rivendell oder dem Thranduil seng Höhlen am nërdleche Mirkwood, well d'Zäit vun den Elbe waren eriwwer, an déi meescht Elbe ware bis zum Enn vum Zäitalter an de Westen, op Aman geseegelt. D'zwergesch Bevëlkerung huet sech op d'Blo Bierger, d'Hale vu Khazad-dûm souwéi op den Erebor an d'Eisebierger verdeelt. D'Hobbits hunn aus éischt um Floss Anduin gelieft, spéider hu si quasi all an der Shire am Häerze Eriador gewunnt.

Dëse sougenannt Fräie Vëlker stoungen um Ufank d'Räich von Angmar an de südleche Mirkwood mat der Festung Dol Guldur, spéider awer och Isengard an, wéi schonn am Zweeten Zäitalter, de Sauron géintiwwer.

Arnor[änneren | Quelltext änneren]

Arnor war dat nërdlechst a ranghéchst vun de béide Kinnekräicher vun den Dúnedain, déi vum Elendil am Joer 3320 vum Zweeten Zäitalter gegrënnt goufen. Déi éischt Haaptstad war Annúminas. Hei stoung ee vun de siwe Palantíri.

A senger Zäit vun der Bléi huet Arnor dat ganzt Land tëscht dem Gwathló-Bruinen an der Förde vu Lhûn ëmfaasst. Am Géigesaz zu Gondor hat Arnor kee Segen, a mam Doud vum Isildur am Joer 2 vum Drëtten Zäitalter huet den Néiergang vun den Dúnedain am Norden ugefaangen.

No dem Doud vum Earendurs am Joer 861 vum Drëtten Zäitalter gouf d'Räich ënner den dräi jonge vum Kinnek opgedeelt, wouduerch d'Deelräicher vun Arthedain, Cardolan a Rhudaur entstane sinn. Am längste konnt sech d'Kinnekräich Arthedain halen. Am Joer 1974 vum Drëtten Zäitalter goufen d'Land an déi nei Haaptstad Fornost vum Hexekinnek vun Angmar eruewert. De leschte Kinnek vun Arnor, den Arvedui, huet misse flüchten an ass op der Flucht am Joer 1975 vum Zweeten Zäitalter gestuerwen, nodeem säi Schëff ënnergaange war. Den Arvedui ass erdronk, a mat him sinn déi zwéi Palantíri vun Amon Sûl an Annúminas verluer gaangen. D'Ierwe vum Arvedui haten awer iwwerlieft, an d'Kinnekslinn blouf erhalen. Si waren elo Stammesfürste vun den Dúnedain vum Norden. De 16. Stammesfürst war den Aragorn II. Nodeem de Rankkrich gewonne gi war, gouf hien ënner dem Numm Elessar Telcontar éischte Kinnek vum nees vereenegte Kinnekräich vu Gondor an Arnor.

Annúminas[änneren | Quelltext änneren]

Rivendell[änneren | Quelltext änneren]

Rivendell am Film The Lord of the Rings

Rivendell (Sindarin Imladris, dt. Bruchtal) war eng elbesch Uertschaft, déi vum Elrond gegrënnt gi war. Si louch un de westlechen Ausleefer vun de Misty Mountains un der Ostgrenz vun Arnor. Duerch seng geographesch Lag war Rivendell e séchert Gebitt fir d'Elbe fir sech zeréckzezéien. Ausserdeem huet den Elrond mat sengem Rank Vilya vill zum Erhalt vu Rivendell bäigedroen.
Am Hobbit gëtt Rivendell einfach als dem Elrond säin Haus bezeechent. Dem Tolkien säi Virbild fir Rivendell war wuel d'schwäizer Lauterbrunnental duerch dat den Tolkien 1911 gewandert war. Och am éischten Deel vum The Lord of the Rings spillt Rivendell eng wichteg Roll. Et ass hei wou de Conseil vum Elrond zesummekënnt, an de Fellowship of the Ring - d'Gemeinschaft vum Rank - gegrënnt gëtt.

Eriador[änneren | Quelltext änneren]

Eriador ass den Numm vun engem Landstrich, deen tëscht de Misty Mountains (ëstlech), de Blue Mountains (westlech), dem Floss Greyflood an dem Mier (nërdlech) läit. D'Misty Mountains, déi vun Norde no Süde lafen, trennen Eriador vum Dall vum Floss Anduin. Eriador ass ongeféier de westlechen an nordwestlechen Deel vu Middle-earth an ëmfaasst verschidde Vegetatiouns- a Klimazonen.

An Eriador sinn d'Shire, Bree, d'Barrow-downs, Rivendell an d'verloosse Kinnekräicher vun Eregion an Angmar.

De gréisste Floss ass de Baranduin oder "Brandywine", wat "Goldbronge Floss" heescht.

Um Ufank vum Rankkrich (drëtt Zäitalter) war Eriador dicht bevëlkert. Dem Elendil seng Nokommen haten, als Herrscher iwwer d'Kinnekräich Arnor, Handelsstroossen, Weeër an Uertschaften ugeluecht. Mä si hu sech zerstridden, d'Land gouf opgedeelt an hir Muecht gouf méi kleng, bis schlussendlech den Hexerkinnek vun Angmar d'Iwwerreschter zerstéiert huet. Op Weathertop, wou sech déi dräi Kinnekräicher Arthedain, Rhudaur a Cardoal getraff hunn, stoung en Tuerm mat Palantír a gouf vun enger Arméi aus Angmar zerstéiert

Spéider gouf den Hexerkinnek mat der Hëllef vu Gondor verdriwwen, mä Arnor huet sech dovun net erholl. De laange Krich hat d'Land futti gemaach, vill Awunner waren dout, anerer ware geflücht. D'Land gouf ëmmer méi wëll, bis op d'Shire, Bree a Rivendell, wou den Elrond eng vun de leschten Elbestied erriicht hat.

Gondor[änneren | Quelltext änneren]

Minas Tirith[änneren | Quelltext änneren]

Osgiliath[änneren | Quelltext änneren]

Minas Morgul[änneren | Quelltext änneren]

Argonath[änneren | Quelltext änneren]

D'Argonath

D'Argonath sinn zwee Monumenter a Form vu gewaltege Stengsailen, an deenen d'Bildnisser vum Isildur an Anárion gehae sinn. Si stinn op béide Säite vum Floss Anduin, um nërdlechen Zoufloss zum Nen Hithoel. Ursprénglech goufe si op Befeel vum Rómendacil II ëm 1340 am Drëtten Zäitalter gebaut, fir d'nërdlech Grenz vun Gondor ze kennzeechnen. Wéi de Fellowship laanscht d'Argonath de 25. Februar 3019 kënnt, war d'Räich awer schonn immens méi kleng ginn. Béid Figuren droen eng Kroun an en Helm. Si halen déi lénks Hand zur Ofwier vun de Feinde vu Gondor oder fir Frënn ze gréissen an d'Luucht, wärend si an der rietser Hand eng Aaxt droen.

Harad[änneren | Quelltext änneren]

Harad (Sindarin: „Süden, Südland“) bezeechent d'Länner südlech vu Gondor a Mordor, jensäits vum Floss Harnen.

Harad setzt sich zusammen aus No-Harad a Wäit-Harad. Et war kee grousst eenheetlecht Räich, mä zesummegesat aus ville klenge Räicher, déi sech ënnerenee bekricht hunn, a vun deenen sech verschiddener mam Sauron zesummegedo hunn. Eent vun dëse Räicher, a warscheinlech dat geféierlechst, war Umbar, wat ech riseg Flott zur Verfügung hat.

D'Länner vun Harad stoungen a fréieren Zäiten ënner Númenor, mä waren awer zu der Zäit vum Rankkrich eng permanent Bedreeung fir d'südlech Grenze vu Gondor.

Mordor[änneren | Quelltext änneren]

Barad-dûr[änneren | Quelltext änneren]

Festung Durthang[änneren | Quelltext änneren]

Rohan (Riddermark)[änneren | Quelltext änneren]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Verwaltungseenheeten[änneren | Quelltext änneren]

Edoras[änneren | Quelltext änneren]

Helms Deep[änneren | Quelltext änneren]

Dunharg[änneren | Quelltext änneren]

Hargdall[änneren | Quelltext änneren]

Rhovanion[änneren | Quelltext änneren]

Isengard[änneren | Quelltext änneren]

The Shire[änneren | Quelltext änneren]

D'Shire (am Däitschen: Auenland) ass e Gebitt an Eriador tëscht dem Floss Baranduin an de Far Downs, wat ursprénglech en Deel vun Arnor war. Laut dem Tolkien ass d'Shire vun de Far Downs bis zu der Brandywine-Bréck 222 km breet, an 278 km laang. De Brandywine markéiert d'ëstlech Grenz vun der Shire. Et liewen awer och Hobbits am Buckland wat ëstlech iwwer dem Floss läit, a westlech vun der grousser Heck déi d'Shire virun dem Bësch Old Forest schützt; mä Buckland huet eréischt nom Rankkrich offiziell zu der Shire gehéiert.

D'Shire war ursprénglech a véiert Farthings ënnerdeelt (Northfarthing, Southfarthing, Eastfarthing, a Westfarthing), mä Buckland a spéider och d'Westmarch, koumen dobäi. D'Farthings selwer waren och inoffiziell ënnerdeelt, an zwar no de Lännereie vun de Famillen: D'Tooks hu bal all ronderëm Tuckborough am Tookland gelieft. A ville Fäll seet de Familljennumm vun engem Hobbit wou en hierkënnt. Dem Samwise Gamgee säin Numm kënnt vu Gamwich, wou d'Famill hierkomm ass.

D'Shire war zwar a verschiddenen Deeler dicht bevëlkert, mä et war nach ëmmer vill Plaz fir grouss Bëscher a Marschen.

D'Shire gouf vun den Hobbits am Joer 1601 vum drëtten Zäitalter bevëlkert. D'Hobbits, déi am Dall vum Anduin gewunnt haten, ware scho westlech iwwer d'Misty Mountains gereest, an éier si an der Shire ukomm waren, hu si am Dunland gelieft.

Déi eenzeg Friem déi an d'Shire komm sinn, waren d'Zwergen déi op der Great Road tëscht hire Minnen an den Ered Luin hin an hier gaange sinn, an och heiansdo Elben op hirem Wee bei d'Grey Havens.

Bierger a Massiver[änneren | Quelltext änneren]

Erebor[änneren | Quelltext änneren]

Orodruin[änneren | Quelltext änneren]

Misty Mountains[änneren | Quelltext änneren]

Emyn Muil[änneren | Quelltext änneren]

Weathertop[änneren | Quelltext änneren]

Bëscher[änneren | Quelltext änneren]

Fangorn[änneren | Quelltext änneren]

Lórien[änneren | Quelltext änneren]

Ale Bësch[änneren | Quelltext änneren]

Mirkwood[änneren | Quelltext änneren]

Gewässer[änneren | Quelltext änneren]

Anduin[änneren | Quelltext änneren]

Baranduin (Brandywine)[änneren | Quelltext änneren]

Isen[änneren | Quelltext änneren]

Aner Plazen[änneren | Quelltext änneren]

Moria[änneren | Quelltext änneren]

Dol Guldur[änneren | Quelltext änneren]

Eregion[änneren | Quelltext änneren]

Carn Dûm[änneren | Quelltext änneren]

Esgaroth[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Karen Wynn Fonstad, Historischer Atlas von Mittelerde. 12. Oplo. Klett-Cotta, Stuttgart 2005, ISBN 3-608-93237-2
  • Robert Foster, The complete guide to Middle earth. Grafton, London 1992, ISBN 0-261-10252-4

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kaarte vu Middle-earth – Biller, Videoen oder Audiodateien
Middle-earth – All d'Artikelen zum Universum vum J. R. R. Tolkien.