Op den Inhalt sprangen

Léon Jean Namur

Vu Wikipedia
Léon Jean Namur
Gebuertsnumm Léo-Johann Namur
Gebuer 16. Februar 1879
Iechternach
Gestuerwen 2. August 1937
Iechternach
Aktivitéit Apdikter
Famill
Papp Léon Namur
Mamm Christina Schmitt

De Léon Jean Namur, gebuer als Léo-Johann Namur[1] zu Iechternach de 16. Februar 1879, an do gestuerwen den 2. August 1937, war en Apdikter zu Iechternach. Säi lëtzebuergeschen Apdikteschdiplom krut hien de 27. Oktober 1900. Domat konnt hien du sengem fréi verstuerwene Papp Léon Namur seng Apdikt, d'Pharmacie du Cerf, iwwerhuelen.

Bis dohi war d'Apdikt, nom Doud vum Léon Namur am Joer 1893, vun engem Provisor gefouert ginn, an zwar vum Antoine Mathes (Mattes), deen den 18. August 1868 gebuer gouf an den 21. Mee 1891 säin Apdikteschdiplom krut.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (de) "Luxembourg, Church and Civil Registration, 1601-1923", Entry for Léo-Johann Namur and Léo Namur. FamilySearch (17.02.1879). Gekuckt den 10.04.2025.
  2. Doudesannonce vum Léon Namur am Luxemburger Wort vum 3. August 1937 Archivéiert den 09.10.2020. Gekuckt den 22.02.2015.