Léon Namur

Vu Wikipedia
Léon Namur
Gebuer 11. November 1854
Iechternach
Gestuerwen 7. Mee 1893
Iechternach
Famill
Papp Joseph Namur
Geschwëster Joseph Charles Namur
Kanner Léon Jean Namur


De Léon Namur, gebuer zu Iechternach den 11. November 1854, an do gestuerwen de 7. Mee 1893, war en Apdikter zu Iechternach.

Hien huet zu Heidelberg studéiert, ë. a. beim Robert Bunsen (Chimie) a beim Gustav Kirchhoff (Physik). Den 3. November 1875 ass hien zu Lëtzebuerg als Apdikter ugeholl ginn. 1876 huet hien d'Pharmacie du Cerf vu sengem Papp, dem Jos Namur, iwwerholl. Säi Brudder, de Joseph Charles Namur, war Apdikter an der Stad Lëtzebuerg.

Dem Léon Namur säin Nofollger an der Apdikt war säi Fils Léon Jean Namur.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Massard, J.A. (1988):Echternach und die Cholera. Ein Beitrag zur Geschichte der Medizin und der öffentlichen Hygiene in Luxemburg. Publications du Centre Universitaire de Luxembourg, Département des Sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1: 1-259 (L. Namur: S. 221).
  • Massard, J.A. (1992): Der Luxemburger Liebig-Schüler Joseph Namur, Apotheker und Professor in Echternach. In: Festschrëft 150 Joer Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, Impr. St Paul: 481-558 (L. Namur, L.J. Namur: S. 491).
  • Massard, J.A. & G. Geimer (1997): Les cahiers de notes des cours de chimie de Liebig (1845) et de Bunsen (1874/75) ainsi que du cours de physique expérimentale de Kirchhoff (1874/75) conservés dans une famille de pharmaciens d'Echternach (G.-D. de Luxembourg). In: Opsomer, C. (ed.): XXth International Congress of History of Sciences, Liège (Belgium), 20-26 July 1997: Book of Abstracts, Scientific Sections. Liège, Centre d'Histoire des Sciences et des Techniques, Université de Liège: 287. [1]
  • Kugener, H. (2005): Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Luxemburg, Eigenverlag: 653-1342 (L. Namur, L.J. Namur: S. 1130, Verwiesselungen am Text).