Op den Inhalt sprangen

Léon Mond

Vu Wikipedia
Léon Mond
Gebuer 13. Dezember 1952
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 14. Mäerz 2025
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller

De Léon ("Jang") Mond, gebuer den 13. Dezember 1952, a gestuerwen de 14. Mäerz 2025, war e lëtzebuergesche Foussballspiller[1][2].

Hie war tëscht 1973 an 1984 Back bei der Jeunesse Esch, an dono nach vun 1987 bis 1989 beim Avenir Beggen[1]. Mat der Jeunesse Esch huet hien zweemol de Championstitel an der Nationaldivisioun, dräimol d'Coupe de Luxembourg an eemol d'Coupe de la Ligue gewonn.

Tëscht dem 12. November 1975 am 1. Mee 1979 huet de Léon Mond eelefmol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt[3].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 De Jang Mond op der Websäit Weltfussball.de
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 18.03.2025
  3. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Léon Mond op der Websäit vun European Football