Léon Prunelle

Vu Wikipedia

De Léon Prunelle ass eng Comicfigur an ass Redakter am Journal de Spirou.

Wéi den Zeechner André Franquin d'Serie Spirou et Fantasio un de Fournier ofgëtt, remplacéiert de Prunelle de Fantasio als dem Gaston säi Supérieur. De Franquin wollt nämlech net, datt et zwéi Fantasio'e géif ginn, déi sech onofhängeg vunenee géifen entwéckelen.

De Prunelle ass méi gedriwwen, nervös a gequält wéi de Fantasio. Hie fäert all méiglech Komplikatiounen, et ass fir hie praktesch eng Gewëssheet, datt ni eppes klappe kann. Onnéideg ze soen, datt hien et ni fäerdeg bréngt, d'Kontrakter mam Geschäftsmann de Mesmaeker ofzeschléissen.

De Franquin sot eng Kéier, et géif een och vill vun him selwer am Prunelle erëmfannen, grad sou wéi och am Gaston an am Bertrand).