André Franquin

Vu Wikipedia
André Franquin
Gebuertsnumm André Jacques Hector Franquin
Gebuer 3. Januar 1924
Etterbeek
Gestuerwen 5. Januar 1997
Saint-Laurent-du-Var
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Comicauteur, Comicszeechner

Den André Franquin gebuer den 3. Januar 1924 zu Bréissel, a gestuerwen de 5. Januar 1997 zu Nice war e belsche Comiczeechner.

Dem Carlsen-Verlag no ass de "Franquin nieft dem Hergé dee wichtegste stilprägende Comiczeechner vun Europa".

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

No enger Ausbildung vun engem Joer an der École Saint-Luc zu Saint-Gilles schafft de Franquin als Trickfilmzeechner am Studio CBA. Bei dëser Aarbecht léiert hien aner Zeechner kennen, sou z. B. de Morris, de Peyo an den Eddy Paape.

Zanter 1946 schafft hie fir d'Editions Dupuis, déi d'Comicheft Spirou erausbruecht hunn.

De Franquin war verantwortlech fir d'Titelblat vum Heft an huet geschwënn drop d'Serie Spirou et Fantasio iwwerholl, déi 1938 vum Rob-Vel kreéiert gouf an zanter 1944 vum Jijé gezeechent gouf. Mä eréischt wéi de Franquin d'Serie iwwerholl huet kritt se hiert typescht Erschéngungsbild. De Franquin huet och eng Abberzuel Niewecharaktere an d'Serie agefouert.

De Gaston an de Marsupilami, Ausstellungspanneau

Déi wichtegst Figuren, déi de Franquin erfonnt huet, dat ware sécher de Marsupilami an de Bürosjong Gaston Lagaffe. De Marsupilami hat säin éischten Optrëtt am Journal de Spirou (Les Héritiers de Spirou), den 31. Januar 1952 an de Gaston den 28. Februar 1957.

No engem Sträit mam Spirou-Chef Charles Dupuis iwwer d'Rechter u sengen Albumen huet de Franquin sech verflicht, fir d'Heft Tintin eng Serie ze zeechnen. Vun 1955 bis 1959 ass sou d'Serie Modeste et Pompon entstanen. De Sträit mam Dupuis war awer geschwënn nees vergiess, soudatt de Franquin dunn an där ongewéinlecher Situatioun war, direkt bei zwou Editiounen eng Serie erauszebréngen.

Enn 1957 huet de Gaston eng eege Serie am Journal de Spirou kritt (virdrun ass e just sporadesch nieft verschiddenen Artikelen opgedaucht). De Franquin war elo responsabel fir dräi Serien, hien huet d'Titelblat gezeechent an nach aner Bäiträg illustréiert.

Trotz der Ënnerstëtzung duerch Assistenten (ënner hinnen de Jidéhem an de Greg) ass de Franquin am Dezember 1961 zesummegebrach. Hien hat eng schwéier Depressioun, an eng nervös Gielzecht ass nach derbäikomm. De Franquin huet wärend fofzéng Méint d'Serie Spirou et Fantasio ënnerbrach, just um Gaston huet hie sech erlaabt nach weiderzeschaffen.

1963 konnt hien erëm voll mat senger Aarbecht weiderfueren. Als éischt huet hien dat ugefaangent Spirou et Fantasio-Abenteuer zu Enn bruecht, fir d'Serie dunn un de Jean-Claude Fournier ofzeginn. De Franquin wollt sech ganz op seng Liblingsfigur, de Gaston, konzentréieren.

Nach ëmmer vun Depressioune geplot, zeechent de Franquin vun 1977 un d'Serie Idées Noires. Si gëtt an der Heft-Beilag Trombone Illustré publizéiert, déi de Franquin zesumme mat Yvan Delporte produzéiert huet. Dës Beilag ass et just eng kuerz Zäit laang ginn, mä si huet wesentlich zur Entwécklung vun de modernen europäesche Comics fir Erwuessener bäigedroen. Nom Enn vum Trombone Illustré am Oktober 1977 sinn d'Idées Noires am Heft Fluide Glacial weider publizéiert ginn.

Vun 1982 bis 1985 ass de Franquin nees schwéier depressiv a komplett onfäeg fir ze schaffen. Enn 1986 fänkt hien erëm un, e puer Gaston-Episoden ze zeechnen. 1987 bréngt hien den Album La queue du marsupilami eraus, zesumme mam Greg a mam Yann (Text) a mam Batem (Zeechnungen).

1992 ass et definitiv eriwwer, de Franquin trëtt seng Rechter um Gaston, un de Monstres an un den Idées Noires u Marsu Productions of.

De 5. Januar 1997 stierft de Franquin un engem Herzinfarkt. All franséisch Zeitunge schreiwen doriwwer op hirer Titelsäit. Alleguer soe se engem groussen Zeechner an Humorist Äddi.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Sadoul, Numa, Das große André Franquin Buch, Carlsen Verlag, 1989.
  • Schnurrer, Achim (Ersg.), Die Kunst des André Franquin, Edition Kunst der Comics, 1988.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: André Franquin – Biller, Videoen oder Audiodateien