La Acebeda
Ausgesinn
La Acebeda | |
---|---|
eng Strooss zu La Acebeda | |
Land | Spuenien |
Autonom Gemeinschaft | Madrid |
Provënz | Madrid |
Awunner | 66[1] (2016) |
Fläch | 22,06 |
Koordinaten |
41° 04’ 59’’ N 03° 37’ 00’’ W |
Postcode | 28755 |
La Acebeda ass eng Gemeng an der autonomer Gemeinschaft Madrid an der Provënz Madrid a Spuenien.
D'Gemeng La Acebeda huet 51 Awunner op enger Fläch vun 22 km².
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]- Den Numm vum Duerf kënnt vun der Stiechpalm ("acebo" op Spuenesch), déi een dacks an a rondrëm d'Uertschaft fënnt.
- 1833 ass La Acebeda wéi vill aner Uertschaften och aus der Provënz Segovia geholl ginn an Deel vun der Autonomer Gemeinschaft Madrid ginn.
- Déi meeschten Awunner hat d'Gemeng 1889: dunn hunn 360 Leit do gewunnt.
- Joerhonnertelaang war d'Bevëlkerung ländlech gepräagt, bis am 20. Joerhonnert déi éischt Awunner a Madrid emigréiert sinn.
Fester
[änneren | Quelltext änneren]Déi zwee bedeitenst Fester sinn d'"Nuestra Señora de la Virgen Blanca" am Juli an d'"Fiesta de San Miguel", d'Fest vum Schutzpatrioun vun der Gemeng, den 29. September.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Kierch San Sebastián
-
D'fréiert Haus vum Schmadd
-
La Acebeda an der Nuecht
-
Eng Strooss
-
Eng kleng Baach zu La Acebeda
-
Fändel vu La Acebeda
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: La Acebeda – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Statistiken um Site vum Institut fir Statistik vu Madrid (gekuckt den 13. September 2017)