La Houillère

Vu Wikipedia
La Houillère
La Houillère, 2010

La Houillère, 2010
La Houillère, 2010
Land Frankräich
Regioun Bourgogne-Franche-Comté
Departement Haute-Saône
Arrondissement Lure
Kanton Lure-2
Gemeng Ronchamp a
Champagney
Koordinaten 47° 42’ 35’’ N
      06° 39’ 19’’ O
Fläch  752 ha
Bevëlkerung  453 (2014)

La Houillère oder och Hameau de la Houillère ass eng franséisch Uertschaft an de Gemenge Ronchamp a Champagney am Departement Haute-Saône an am Kuelerevéier vu Ronchamp a Champagney.

D'Uertschaft ass entstane wéi an der zweeter Hallschent vum 18. Joerhonnert d'Kuelegrouwe vu Ronchamp entdeckt goufen. Se huet sech haaptsächlech bis an d'Mëtt vum 19. Joerhonnert vergréissert a war déi Zäit den Zentrum vum Biergbau an der Haute-Saône. Wéi d'Pëtzer sech dunn no Süde verlagert hunn stoung se net méi sou am Mëttelpunkt. Verschidden Installatioune vun der Biergbaugesellschaft hunn awer bis 1958 nach weider funktionéiert, wéi z. B. d'Infirmerie, de Päerdsstall an d'Direkteschvilla.

Iwwer Kuelegrouwestreck vu Ronchamps hat se Uschloss un d'nationaalt Eisebunnsnetz an der Gare vu Ronchamp.


Kuckt och[Quelltext änneren]