Lasne (Baach)

Vu Wikipedia
Lasne
D'Lasne zu Terlanen
Längt 26 km
Hydrographesche
Baseng
Escaut
Fläch vum Baseng 109 km²
Originn
Originn Quell
Plaz Plancenoit
Héicht 110
Koordinaten 50° 39’ 33.06’’ N
      04° 25’ 37.79’’ O
Konfluenz
Leeft an Dyle
Plaz Sint-Agatha-Rode
Héicht 30 m
Koordinaten 50° 47’ 34.39’’ N
      04° 38’ 15.10’’ O
Haaptnieweflëss Smohain - Argentine
Geographie
Land Belsch
Uertschaften

D'Lasne, am Flämesche Brabant als Lane op der topographescher Kaart ze fannen[1] ass e klenge Floss an der belsche Provënze wallounesche Brabant a flämesche Brabant. Et ass en Niewefloss vun der Dijle a gehéiert domat zum Baseng vum Escaut.

D'Lasne huet hir Quell an de Wisen um südleche Bord vun der Uertschaft Plancenoit hanner den Haiser vun der Rue de la Bachée déi tëscht der Rue al'Gatte an dem Clos de la Neuve Cour stinn. Vun do leeft se eng ronn 600 Meter a Réier ier se op der Héicht vun der Rue d'Anogrune aus dem Buedem kënnt. Duerno leeft se eng honnert Meter no Süde bis bei d'Pompelstatioun vun de Bréisseler Waasserwierker, wou da vu riets de Ruisseau des Broues draleeft. Vun do leeft se dann haaptsächlech an nordëstlecher Richtung duerch oder laanscht Couture-Saint-Germain, Lasne, Rixensart , Overijse an Huldenberg fir nërdlech vu Sint-Agatha-Rode um Sint-Agathaveld an d'Dijle ze lafen.

Hir Haaptnieweflëss sinn d'Argentine an de Smohain.

Ënner dem N° BE31003 ass den Dall vun der Lasne an de Gemenge Rixensart a Wawre mat 432,65 ha als Natura 2000-Gebitt klasséiert. En décke Veirel vun der Fläch besteet aus Bichebëscher vum Typ Atlantesche Buchebësch op sauerem Buedem. Weider drësseg Hektar bestinn aus Abëscher.

Chaînage[änneren | Quelltext änneren]

Baseng Niewewebaseng Direkt Nieweflëss Rang 3 Rang 4 Rang 5
Escaut Rupel Dijle Lasne Argentine Mazerine
Ruisseau Monseigneur
Ry Margot
Ry d'Heuchaux
Smohain
Ruisseau des Brous

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lasne – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Topmapviewer