Lasne

Vu Wikipedia
Lasne
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Wallounesche Brabant
Arrondissement Nivelles
Awunner 14.236 (1. Januar 2018)
Fläch 4 722
Koordinaten 50° 41’ 16’’ N
      04° 29’ 03’’ O
Telefonszon 02
Postcode 1380
Websäit https://www.lasne.be/


Lasne (op wallounesch: Lane, ass eng belsch Uertschaft a Gemeng a Wallounien, an der Provënz Wallounesche Brabant.

D'Uertschaft krut den Numm vun der Baach mam selwechten Numm an där hirem Dall se läit.

Déi haiteg Gemeng Lasne ass bei der Belscher Gemengereform vun 1977 entstane bei där déi fréier Gemenge Couture-Saint-Germain, Lasne-Chapelle-Saint-Lambert, Maransart, Ohain, Plancenoit a Lasne fusionéiert hunn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Vum Mëttelalter bis zum Enn vum Ancien Régime hu Lasne a Chapelle-Saint-Lambert der Abtei Saint-Gertrude vun Nivelles gehéiert. Den Abtstaf am Wopen erënnert dorun.

Um Territoire vun der Gemeng huet sech de gréissten Deel vun der Schluecht vu Waterloo ofgespillt. En ettlech Monumenter erënneren dorun, dorënner och dat eenzegt representatiivt dat fir franséisch Zaldoten opgeriicht gouf an zwar den Aigle blessé vum Jean-Léon Gérôme op der Chaussée de Charleroi (Nationale 5) zu Plancenoit.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Monumenter vu Plancenoit.

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

Bis an d'1960er Jore war Lasne iwwer d'Vizinalinn Bréissel-Wavre un d'Schinnennetz ugeschloss. D'Gare vu Lasne steet nach do an ass haut eng Halt an en Depot vum TEC.

Gemeng a Leit aus der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Lasne ass déi zweeträichst Gemeng an der Belsch, hanner Laethem-Saint-Martin an déi räichst a Wallounien an eng zwou Dose bekannt belsch Kënschtler, Auteuren oder aner Perséinlechkeeten hunn am Laf vun der Zäit méi oder wéineger laang do gewunnt.

  • De Pierre Alechinsky, huet an der rue de Céroux zu Sauvagemeont-Haut an duerno bis 1960 op N°26 rue de Milhoux zu Sauvagement-bas gewunnt.
  • D'Anna Boch, hat op N°17, route de Renipont e klengt Haus mat enger Pergola vum bekannten Architekt Jules Janlet baue gelooss. Do ass den Tableau Sous la Pergola à Ohain entstanen, op deem hir Niess Ida ze gesinn ass an deen haut am Keramikmuseum zu Mettlach hänkt.
  • De Bram Bogart, huet iwwer 23 Joer am Schlass vun Ohain gewunnt a geschafft. Seng dräi Kanner Cornelia, Inge an de Bram jun. deen e bekannten Designer ass, sinn do grouss ginn.
  • De Moler Anto-Carte, de Graveur Albert Delstanche a säin Eedem de sozialistesch agestallten Ingenieur Paul Goldschmit-Clermont, sou wéi no deem bis haut (2014) den Ekonomiste Alexandre Lamfalussy hunn op N°17, place communale zu Ohain gewunnt. 1941 gouf an deem Haus de Pacte social ënnerschriwwen deen d'Basis vum Belsche Krankekeesen- a Pensionskeesesystem war, deen am Dezember 1944 gegrënnt gouf.
  • De Journalist, Auteur, Historiker a Resistenzler Désiré Denuit ass zu Couture-Saint-Germain op N°45, rue du Village op d'Welt komm an opgewuess.
  • De Moler Oskar Fischer dee sech nom Anschluss zu Wien aus dem Stëbs gemaach hat war zu Ohain gelant a gouf do wärend dem Krich vun den Awunner am Ufank vun der Famill Gottschalk an duerno vun der Famill Godschmit verstoppt. No engem Openthalt zu Paräis, an der Provence an a Brasilien, koum hien zeréck op Ohain an huet do an enger Fermette op N°8, chemin d'Odrimont gewunnt a geschafft.
  • Den Impressionist Lucien Frank hat, knapps 4 Méint ier e gestuerwen ass, zu Ohain op N°16A en Haus kaaft, wat no sengem Doud vu senger Schnauer ënner dem Numm La Closière als Restaurant exploitéiert gouf.
  • De Sculpteur Jean-Pierre Ghysels wunnt zanter iwwer drësseg Joer zu Couture-Saint-Germain
  • Den Affekot, Auteur an Jazzmuseker Robert Goffin ass zu Ohain op N°9, rue de l'église Saint-Etienne op Welt komm a grouss ginn. Eng Plack um Haus erënnert dorun. Hie läit och um Kierfecht vun Ohain begruewen.
  • De Schrëftsteller Albert Guislain hat sech 1929 Op N°11, route de la Marache en Haus kaaft an deem e bis 1969 wéi e gestuerwen ass gewunnt huet.
  • Fir um Victor Hugo säin Openthalt an der Gemeng z'erënneren, gouf zu Plancenoit en Tuerm d'Colonne Victor Hugo opgeriicht, déi laanscht d'Nationale 5 steet, net wäit vum Aigle blessé ewech. Am Huelwee vun Ohain spillt sech d'Zeen mat den opgetässelte Kadaveren of, eng vun de bekanntsten Zeenen iwwer d'Schluecht vu Waterloo aus dem Roman Les Misérables mat deem Ënnerscheed datt de Poet et net sou genee mat der Wourecht hält, an déi Parti vum Wee déi hie beschreift keen Huelwee ass mä iwwer de Kamp vun der Kopp leeft.
  • Den Edgar P. Jacobs dee grousse Succès mat der B.D. Blake et Mortimer, ass 1954 Op Lasne wunne komm, fir senge Fanen zu Bréissel aus de Féiss ze goen. Hien huet do iwwer 30 Joer gewunnt. Säin Läit an engem Bëschelche verstoppt an et kënnt een nëmmen iwwer e Pad derbäi.
  • D'Paule Bourguignon-Benzen an d'Schwëster Louise-Marie déi zu Lasne en Heem fir jiddesch Kanner geleet hunn a Schoul gehalen hunn, haten et fäerdegbruecht fir mat Hëllef vun anere Matbierger 52 jiddesch Kanner bei enger Razzia virun der Gestapo ze verstoppen. Fir déi Rettungsaktioun krute si spéider den israeeleschen Éierentitel Gerechten ënner den Natiounen.
  • Op N°29, route de la Marache zu Ohain huet de Charles Plisnier vun 1935 bis 1937 gewunnt, just an där Zäit wou en de Prix Goncourt fir seng Wierker Mariages a Faux Passeports krut. Et ass den eenzege belsche Schrëftsteller deen dee Präis bis elo krut.
  • D'helleg Lutgard huet de gréissten Deel vun hirem Liewen an der Abtei vun Aywiers bei Lasne gelieft an ass och do gestuerwen. Eng Plack an der Entrée fir bei d'Klouschter erënnert dorun.
  • De Pionéier vun der belscher abstrakter Molerei, de Victor Servanckx, huet wärend dem leschte Krich an nach en ettlech Joer duerno op N°48, rue du Village zu Couture-Saint-Germain gewunnt.
  • De Moler Jean-Marie Strebelle huet vun 1961 bis zu sengem Doud 1989 op N°7, chemin du bois Magonette gewunnt.
  • De Poet a Moler Edmond Vandercammen ass op N°6, chemin de l'Alouette op d'Welt komm, an ass do grouss ginn.
  • De Moler Maxime Van de Woeystene huet déi lescht zwanzeg Joer vu semgem Liewen zu Chapelle-Saint-Lambert gewunnt.
  • De Jules Vanpaemel, Architekt, Moler an Aquafortist huet op N°43 rue du Mont Cornet gewunnt.
  • De Jules Wabbes, Fotograf, Designer, Editeur a Professer a seng Fra Marie déi Molerin an Illustratrice war, hunn um Schlass vu Maransart gewunnt.

Biller[änneren | Quelltext änneren]