Anna Boch
Ausgesinn
| Anna Boch | |
|---|---|
|
Bild vum Théo Van Rysselberghe | |
| Gebuer |
10. Februar 1848 Saint-Vaast |
| Gestuerwen |
25. Februar 1936 Ixelles |
| Nationalitéit | Frankräich, Belsch |
| Aktivitéit | Molerin |
| Famill | |
| Papp | Fréderic-Victor Boch |
| Geschwëster | Eugène Boch |
|
| |
D'Anna Rosalie Boch, gebuer den 10. Februar 1848 zu Saint-Vaast, am Hainaut an der Belsch, a gestuerwen de 25. Februar 1936 zu Bréissel, war eng belsch impressionistesch Molerin a Mäzenin.
Si ass bekannt dofir datt si den eenzege Client war deen de Vincent van Gogh zu senge Liefzäiten hat.
Si huet laang zu Lasne op N°17, route de Renipont gewunnt, wou si en Haus mat enger Pergola vum bekannten Architekt Jules Janlet baue gelooss hat. Do ass den Tableau Sous la Pergola à Ohain entstanen, op deem hir Niess Ida ze gesinn ass an deen haut am Keramikmuseum zu Mettlach hänkt.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- La Porteuse d'eau
- Sur la côte de la Mer du Nord
- Femme lisant dans un massif de rhododendrons
Privatkollektioun - Pendant l'élévation
1893 - Rivages de Bretagne
ëm 1901 - Un bouquet d'œillets
ëm 1910 - Retour de la messe par les dunes[1].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Kollektioun vun der Provënz Hainaut.
