Laziza Umarova
Ausgesinn
| Laziza Umarova | |
|---|---|
| Gebuer | 25. November 1983 |
| Aktivitéit | Philologin |
| Famill | |
| Bestuet mat | Laurent Fels |
|
| |
D'Laziza Umarova, gebuer de 25. November 1983 zu Madaniyat am Usbekistan, ass eng Philologin. Si huet däitsch Philologie fir d'éischt op der Universitéit Namangan (BA), duerno op der Universitéit Tréier (MA) studéiert, wou si ausserdeem nach en Zousazzertifikat fir Deutsch als Fremdsprache gemaach huet.
D'Laziza Umarova beschäftegt sech mat däitscher Literatur aus dem 20. Joerhonnert a mat däitschsproochege lëtzebuergeschen Auteure wéi dem Roger Manderscheid, Robert Gliedner, Emile Hemmen a Paul Henkes.
